Den neien Windows spellchecker géint den spellchecker.lu

Ech hunn mer geduecht wéi kann een am beschten d’Fähegkeeten(Fir- an Nodeeler) vun engem Service testen.

Ech sin zum Schluss komm, dass dat am beschten geet an deems een zwee ähnlech Servicen géint en een untrieden léist.

Op der enger Säit ass dëst den Spellchecker den elo nei fir Windows Office erauskomm ass.

Op der anerer Säit d’Online Versioun vum Spellchecker.lu ( online well ech keen OpenOffice hunn, an also d’Eifeler Regel net keint testen).

Als Test Objekt huelen ech den (normalerweis) schon korrigéierten Text vun der RTL-Dictée vun 2008

Als éischt den Text sou wéi ech en vum RTL Site hunn:

Sport ass kee Spaass
Sechsanzwanzeg Stonnen ouni Ënnerbriechung am Suedel, et ass scho bal animalesch, wat eise Vëlosathlet haut erëm opzeweisen huet.
Schonn am éischte Bierg hat de Jängi Pedalo d’Zong esou déif um Giddong (Guidon) hänken, datt den Dokter vum Tour em ambulant e Stéck ewechgeschnidden huet, ier en dermat an d’Speeche komm wier.
Um éischte Ravitaillement, no sechshonnertfënnefanzwanzeg haarden a battere Kilometer, hëlt e(n) sech e frëscht Häerz a spullt et mat engem Liter Ochseblutt, gesponsert vum Metzleschverband, erof.
Do geet de Jängi eréischt richteg lass. Déi éischt Kéier am Buerschenter geschnidden, datt d’Saaft am Stroossegruef zesummeleeft, an déi zweet geschnëppelt, datt d’Fatze vu(n) senge Muskelwueden de Leit ëm d’Ouere fléien.
E struewelt ewéi en Zombi, e raumt onheemlech of. Een Trapp verluere Schof, zwéi läfeg Hënn, e gackeregen Héngerjuck mat dräi Dose frësche Pëlleneeër, eng Spillschoulsklass mat hirer Joffer an de Fändelcher mam « Roude Léiw huel se ! », ginn d’Affer vu senger onbeschreiflecher Performance.
Am leschte gëftege Stouss virun der Arrivée, no aachthonnertdräiavéierzeg Kilometer Géigewand, léisst e(n) seng Coequipieren einfach stoen, reit eng Attack (Attaque) aus der zweeter Rei, rappt e Lach vu fënnefhonnert Meter an de Plottong (Peloton), schéisst ewéi eng gepimpte Rakéit aus dem Schiet vun der Ambulanz eraus, a péilt seng ausgepowert Konkurrenten onbarmhäerzeg un de Macadam.
Ausgebrannt ewéi en huele Päifekapp schleeft e(n) sech iwwer(t) de wäisse Stréch, fiert aus der sonneverbrannter Haut, hëlt seng zerschannte Been an de Grapp, a krécht um Bauch an d’Duschen.
Respekt virun der Leeschtung vum Iwwermënsch, awer och virun den Affer, déi säi bluddege Wee op de Podium och haut erëm virgezeechent hunn.

Den Text stamt aus der Fieder vum Jemp Schuster.

De Windows Office Spellchecker meckert bei folgenden Wierder:

  • Wuert aus dem Text –> Ugebueden Verbesserung ( wann méi wéi eng, déi logeschst)
  • Ënnerbriechung –> Ennerbriechung
  • Vëlosathlet –> Vëlo Athlet
  • Jängi –> Jangi
  • d’Zong –> d’ Zong
  • Giddong –> Guidon
  • ewechgeschnidden –> ewech geschnidden
  • d’Speeche –> keng Virschléi
  • Ravitaillement –> keng Virschléi
  • sechshonnertfënnefanzwanzeg–> sechs honnertfënnefanzwanzeg
  • Ochseblutt –> Ochse Blutt
  • Metzleschverband –> keng Virschléi
  • d’Saaft –> d’ Saaft
  • d’Fatze –> d’ Fatze
  • Muskelwueden –> Muskel Wueden
  • d’Ouere –> d’ Ouere
  • Zombi –> Zamba
  • läfeg –> leefeg
  • gackeregen –> lackelegen
  • Pëlleneeër –> Pëllen Eeër
  • d’Affer –> d’ Affer
  • aachthonnertdräiavéierzeg –> aacht honnertdräiavéierzeg
  • Géigewand –> Géi gewand
  • Coequipieren –> Calquéieren
  • Attaque –> Matraque
  • fënnefhonnert –> Fënnefhonnert
  • Plottong –> Ploton
  • gepimpte –> geimpfte
  • péilt –> peilt
  • ausgepowert –> ausgefouert
  • onbarmhäerzeg –> onbaarmhärzeg onbaarmhäerzeg (klengen Tippfeeler)
  • sonneverbrannter –> Sonne verbrannter
  • zerschannte –> zerschante
  • krécht –> kraucht
  • d’Duschen –> d’ Duschen

Den Spellchecker.lu meckert bei folgenden Wierder:

  • Wuert aus dem Text –> Ugebueden Verbesserung ( wann méi wéi eng, déi logeschst)
  • Vëlosathlet –> Vëlosartist
  • Jängi –> Jangi
  • Pedalo –>Pedall
  • Giddong –>Guidon
  • em –>ëm
  • dermat –>Demokrat
  • Speeche –>Speechel
  • Ochseblutt –>Ochseréck
  • gesponsort –>gesprënselt
  • Metzleschverband –>Metzleschrayon
  • Buerschenter –> Buurschenter
  • Saaft –>Schaaft
  • Stroossegruef –>Stroossekrees
  • Muskelwueden –>Muskelen
  • Zombi –>Kombi
  • Trapp –>Trupp
  • zwéi –>wéi
  • läfeg –>leefeg
  • gackeregen –>gackeren
  • Héngerjuck –>Héngerstall
  • Pëlleneeër –>Pëlleverkeefer
  • aachthonnertdräiavéierzeg –>Dausendvéierhonnertvéierzeg
  • Géigewand –>Géigewaart
  • Coéquipieren –>Equipieren
  • Plottong –>Plaffong
  • Peloton –>Paltong
  • gepimpte –>gepipte
  • péilt –>päilt
  • ausgepowert –>ausgepompelt
  • onbarmhäerzeg –>onbaarmhäerzeg
  • Macadam –>Macadamswee
  • Päifekapp –>Päifenuergel
  • sonneverbrannter –>verbrannter
  • zerschannte –>zerschauter
  • krécht –>kréicht
  • Podium –>Podiumsdësch

Resumé:
Den Windows Spellchecker huet 34 an den Spellchecker.lu huet 36 Feeler fonnt.
De Windows huet bei all “d’” gemeckert, eng Kannerkrankheet déi den Spellchecker.lu och eng Zäit hat.
De Windows Spellchecker mecker bei verschiddene Wierder, och wann e keen Virschlag zu Verfügung huet.
De Spellchecker.lu huet oft Problemer bei zesummegesatene Wierder.

Fazit: Den Windows Spellchecker huet manner richteg Wierder als falsch erkannt. Et muss een awer fir an säin Genoss ze kommen den Windows Office benotzen, den net bëlleg ass. Den Spellchecker.lu huet zwar méi Wierder als falsch erkannt, mee do géint ass hien gratis an léisst sech net nëmmen am OpenOffice, mee och an aneren Opensource Software benotzen. Well een souwisou all Spellchecker soll mat Virsiicht genéisen, ass den Spellchecker.lu weiderhin meng éischt Wiel. Dëst firun allem well ech 95% vun der Zäit wou ech lëtzebuergesch schreiwen dëst souwisou am Firefox oder Thunderbird maachen, an keng Loscht hunn mäin Text an de Word ze Kopéieren fir e verbessert ze kréien.

  • Twitter
  • Facebook
  • Digg
  • StumbleUpon
  • Share/Bookmark

4 Äntwerten op “Den neien Windows spellchecker géint den spellchecker.lu”


  • Merci fir däin Test. Ech kommen de Weekend eréischt nees un e Windows-Computer.
    D’Wierderlëscht vu Spellchecker.lu wiisst nach, dofir gi verschidde Wierder net erkannt. Méi schlëmm fannen ech awer falsch geschriwwe Virschléi. Wann ech mech net geiert hunn (ass séier gaangen) da sinn dat der beim Microsoft-Tool 3: “Ennerbriechung”, “zerschant” an “onbaarmhärzeg”. Richteg wieren “Ënnerbriechung”, “zerschannt” an “onbaarmhäerzeg”. Bei Spellchecker.lu hunn ech elo op den éischte Bléck keng falsch geschriwwe Virschléi fonnt, och wann se heiansdo onsënneg sinn.

  • Mäi Feeler: Den Microsoft-Spellchecker verbessert “onbarmhäerzeg” zu “onbaarmhäerzeg”
    Als Info: Ech hunn all déi Verbesserungen per Hand am Firefox agetippt, mat ausgeschaltener Auto-Korrektur, fir dem Spellchecker.lu keng zweet Chance ze ginn, an keng Feeler déi den Microsoft-Spellchecker gemaach huet duerch deen aneren Spellchecker ze verbesseren.

  • Ganz interessant. Ech vermuten, den MS Spellchecker hëllt “d’” als Artikel an tëschent engem Artikel an dem Wuërt, op dat ë séch bezitt, ass jo ëmmer en Espace. Do brauch een eng Ausnahmeregel.

    P.S. An der Blogbuerg (blog.egalwaat.lu) stees de lo och dran.

  • Merci, et schéngt eppes ze bréngen 53 views … oO

Hannerlooss eng Äntwert