De Mëtten am Auto um Wee fir heem, sou géint 10 op 5 hunn ech een politeschen Message vun der demokratescher Partei héieren, bei dem ech nëmmen konnt mam Kapp rëselen
Sënngeméis huet do een gesot:
“Léif Leit beim Radio, maacht emol eng Kéier är An zou – wat gesitt dir? Schwaarz!”
Dat ganzt sollt eng Iwwerleedung zur Finanzkris sinn. Wat ech beängschtegend fannen ass d’Tatsaach dass ëm déi Auerzäit hallef Lëtzebuerg am Auto setzt. Maacht do mol eng Kéier kuerz d’An zou, matten am Beruffstrafik …
Ech gesinn schwaarz fir der DP hir potentiell Wieler
An iergend wéi huet et mech och guer net gewonnert dass et haut nach méi Problemer am Trafik goufen wéi soss
0 Äntwerten op “DP, oder wéi een potenziel Wieler an den Doud schéckt”