Wéi ech haut gewuer gouf dass Windows eng lëtzebuergesch Versioun vum Vista rausbréngt, hunn ech mer déi mol direkt besuergt.
Meng éischt Andréck well ech iech hei mat deelen:
Als éischt sinn ech am Spiller Dossier hänken bliwwen.
Wierklech falsch ass hei nach näischt, ausser dass ech verschidden Iwwersetzungen zimlech onglécklech fannen
- FreeCell gëtt zum FräiFeld
- Minesweeper zum Minnewäscher
- Spider Solitaire zu Spanne Patience
Ok. Eppes besseres wéi Spanne Patience wier mir och net agefall, mee Minnewäscher ???
Éierlech. “Minne sichen” oder Minnen entschäerfen” hätt dach 100 mol besser geklongen.
An wat een sech ënner FräiFeld soll virstelle … ?
Iergend wann hunn ech mech dunn op d’Sich gemaach no enger
Méiglechkeet fir (de wou ech dat jee wéilt) rëm kennen op Englesch ëm ze klammen. An dobäi sinn ech am “Kontrollpanneau” gelant.
Och hei sinn déi meescht Saachen wuel rëm einfach blann iwwersat.
Ech froen mech just firwat net all déi Standard Windows Saachen ëmbenannt goufen.
“Windows Feiermauer” oder “Fënster Feiermauer” wieren dach flott gewiescht
Bis lo waren et éischter Dommheeten, iwwert déi een kann ewech gesinn, mee wat mech wierklech zum laache bruecht huet ass folgendes:
Wéi der Däiwel ass et méiglech fir een an der selwecht Wuert dräi verschidden
Schreifweisen ze benotzen. An déi dräi dann och nach direkt nieft, respektiv ënnerteneen?
Ëffentlech, ëffentlech, effentlech.
Ech wäert an den nächsten Deeg wuel och nach déi lëtzebuergesch Office Versioun an den Spellchecker testen. An wann ech weider lëschteg Saachen um Vista u sech fannen, wäert ech déi och zum Beschte ginn.
P.S.: Iergendwéi ginn ech net sou richteg eenz mam abauen vun Biller :-s
Méi dozou um Claude sengem Blog
An um zweeten Deel vun menger Analyse
Häerzer ass dach och léif, nee? ;o)
Kléngt jiddefalls däämlech iergendwéi
Dat do deet wéi an den Aen…
Wat deet wéi? Mäi Post oder den Vista?
Häerzer ass wirklech léiw, mee Inkball hätten së och als Tënteball kinnen iwwersétzen.
@Pit: Däi Post gefält mer. Déi Iwwersetzungen di wéi. Virun allem dat mat “Ëffentlech”, “ëffentlech” an “effentlech”.