Wou der Däiwel wäert den Dri sinn

No deem ech op Youtube folgenden Video vum Matt fonnt hunn:

huet et eng länger Zäit a mir gebrodelt. Lescht Fréijoer hunn ech mer dunn eng Kamera kaf, mam Virsaz ënner anerem eng lëtzebuergesch Versioun vum Matt sengem Video ze maachen. Leider hat ech esouvill aner Saachen am Kapp, dass näischt do raus ginn ass.

Fir dëse Summer hunn ech mer lo awer virgeholl et duerch ze  zéien. Ech fueren op all méiglech Platzen an eisem schéine Ländchen an zappelen do Mattlike virun der Kamera. Am Moment sinn ech am Gaang eng Lëscht vun interessanten Platzen op ze stellen, déi an sou engem Video onbedéngt mussen dra sinn.

  • D’Staumauer
  • D’Kathedral
  • D’Gëlle Fra
  • De Palais
  • D’Schlass zu Colmar
  • D’Veianener Schlass
  • D’Esch-Sauerer Buerg
  • Den Napoleonsgaard ( héchsten Punkt vum Land)
  • D’Léifrächen
  • Déi dräi Dräilänner-ecken
  • De Schiessentümpel
  • D’Roud Bréck
  • D’Philharmonie
  • Patton Denkmal zu Ettelbréck
  • ARCELOR-Gebai

En pregnanten Danz den ech als total onbeweglech Persoun zu Stand bréngen wäert wuel mäin gréissten Problem sinn.

Mee virun allem brauch ech nach méi der Platzen wou ech danzen kéint, also hoffen ech op är Mathëllef.

Wat d’Hannergrondmusek ugeet, do huelen ech wuel iergend een (oder méi) aalt lëtzebuerger Lidd.

Wann also lo een eng flott Platz weess oder mengt dat ideaalt Lidd ze kennen, dann sot mir et :)

  • Twitter
  • Facebook
  • Digg
  • StumbleUpon
  • Share/Bookmark

5 Äntwerten op “Wou der Däiwel wäert den Dri sinn”


Hannerlooss eng Äntwert