E bëssi Musek

Ech hu mer geduecht, firwat net mol all méiglech Funktiounen an Plugin austesten. Iergend wann brauch ech déi eng oder aner Funktioun wuel an wann ech dann net weess wéi se ze benotzen ass, dann kucken ech schéin domm.

Video Integratioun hat ech jo schon, als nächst ass dowéinst Audio Integratioun un der Rei.

Fir awer lo net einfach sou zoufällegen (an sënnlosen) Toun erop ze lueden, hunn ech wëlles eng kleng Serie ze starten wou ech jeeweils 3 Lidder uginn déi mir wéinst wat och ëmmer gefalen.

Dës Kéier: Franséisch Lidder.

      Moustaki – Le Métèque
      [audio:2009/05/Moustaki - Le Meteque.mp3|titles=Le Métèque|artists=Moustaki]
      Jean-Jacques Goldman -Tournent les violons
      [audio:2009/05/Jean-Jacques Goldman -Tournent les violons.mp3|titles=Tournent les violons|artists=Jean-Jacques Goldman]
      Michel Sardou – En chantant
      [audio:2009/05/Michel Sardou - En chantant.mp3|titles=En chantant|artists=Michel Sardou]

Firwat fänken ech ausgerechent mat franséischen Lidder un? Gutt Fro. … nächst Fro!
Ech hunn einfach an der läscht zimlech oft CD’en vu menger Mamm “geklaut”. An vun der Musek déi ech bei hir kann klauen ouni Ouere-Kriibs ze kréien ass dat meescht nun mol Franséisch

Kuck och: den zweeten Deel

  • Twitter
  • Facebook
  • Digg
  • StumbleUpon
  • Share/Bookmark

0 Äntwerten op “E bëssi Musek”


  • Keng Kommentaren

Hannerlooss eng Äntwert