Well ech an der Läscht zimlech aktiv um Internet sinn, an een do mol heiansdo eppes fënnt wat een gären hätt, wat awer leider net gratis ass, iwwerleeën ech mer lo schon puer Méint op ech mer soll eng Visaskaart uschafen.
Wéi lo virun kuerzem déi Prepaid Visaskaart vun der Post rauskoum, hunn ech mech entscheet mer der eng ze huelen.
Leider erlaabt mäin Stage mer am Moment net den Dag iwwer op een Post Büro ze rennen. Mee zum Gléck huet d’Post jo een Internet Site wou een Informatiounen zu allem fënnt wat mat Post ze dinn huet. … Duecht ech op alle Fall, bis … jo bis ech wollt een Post Büro fannen a menger Ëmgéigend.
Eng “Sich-Funktioun” hat ech zwar schnell fonnt, mee schnell hunn ech gemierkt dass ech do net kann mäin Duerf auswielen an dann eng Auswiel vun Büroen am Ëmkrees gewisen kréien (Wat ech mer eigentlech erhofft hat). No dem ech lo déi ganz Lëscht hunn dierfen duerchsichen hunn ech gemierkt dass leider keen Büro méi laang wéi 17:15 Auer op huet.
Lo dierf ech bis op d’Cloche d’Or pilgeren fir nach no 17 Auer een oppenen Guichet ze fannen, woubäi ech mol net weess op se am der Téléboutique déi Kaarten och verklappen.
Ech hunn de Kéis …
De Guichet an der Staad (Aldringen) huet och bis 19:00 Auer op an och Samschdegs bis 17:00.
Cloche d’Or war scho mol näischt …
Jo, Aldringer ass och laut dem Verkeefer an der Téléboutique déi eenzeg Plaz wou een méi spéit nach kann goen.
tél. 8002 4004 da werden Sie geholfen (gratis)
vleicht och an den neien PostShops an der Concorde oder Belle Etoile ? jiddefalls sin déi owes bis 8 resp. 9 Auer op.
Et war mer haaptsächlech ëm d’Sichfunktioun gaang déi mer net userfrëndlech genuch war. An dorëms dass a menger Ëmgéigend keen Shop oder Guichet owes op huet.
Op d’Idee bis op an d’Concorde ze goen kommen ech net direkt well ech wann ech an der Lëscht muss sichen net direkt d’Verbindung tëscht Bartreng an der Concorde maachen.
Ech war awer lo de Moien um 8 nach schnell an een normalen Post Büro, a kuck do, déi ganz Affaire war an 5 Minutten iwwer d’Bühn.
Beim Service am direkten Kontakt mam Client kann ech op alle Fall net meckeren