Firefox Adressbar personaliséieren

Säit längerem nervt et mech dass wann ech an d’Adressbar vum Firefox klicken déi ganz URL déi dran ass ausgewielt gëtt. Well meeschtens wann ech mat der Maus dra klicken, dann fir eppes an der URL ze änneren. Elo hunn ech duerch Zoufall eng Léisung hei fir fonnt.

Den Firefox erlaabt et nämlech déi automatesch Selektioun vun der ganzen URL bei engem einfach Klick auszeschalten.

Hei elo déi néideg Schrëtter:

1. Maach de Firefox op, tipp about:config an d’Adressbar an dréck Enter. Bei der folgender Sécherheetsnofro muss de I’ll be careful, I promise! (oder wéi et an denger Sprooch vum Firefox heescht) uklicken.

2. Tipp SelectsAll an d’Filter Këscht. Du kriss 2 Wäerter ugewisen:

browser.urlbar.clickSelectsAll
browser.urlbar.doubleClickSelectsAll

clickSelectsAll” misst op true an “doubleClickSelectsAll” op false sinn.

3. Fir elo déi automatesch Selektioun vun der ganzer URL ze verhënneren kanns de entweder Duebelklick op “clickSelectsAll” maachen, oder Rietsklick an “Toggle” auswielen. Dëst setzt de Wäert op false.

Du kanns elo nach stellen dass de Firfox soll déi ganz URL auswielen wann s de Duebelklick drop mëss. Hei fir kanns de entweder Duebelklick op “doubleClickSelectsAll” maachen, oder Rietsklick an “Toggle” auswielen. Dëst setzt de Wäert op true.

Dat wier et dann och schon. Elo wielt de Firefox net méi déi ganz URL aus wann s de drop klicks, mee du kanns se nach ëmmer ganz auswielen an dem s de een Duebelklick drop mëss.

Iwwersat aus dem Engleschen

  • Twitter
  • Facebook
  • Digg
  • StumbleUpon
  • Share/Bookmark

0 Äntwerten op “Firefox Adressbar personaliséieren”


  • Keng Kommentaren

Hannerlooss eng Äntwert