Google Indexéierung "Nutte"

Um Jeannot sengem Blog hunn ech lo grad en Experiment fonnt, wéi een Google beaflossen kann.

Andeems hien en Bild mat engem net dozou passenden Titel online setz, well hien raus fannen wéi laang Google brauch fir dëst “falscht” Bild an der Sich no dem entspriechenden Titel unzeweisen.

Well ech dëst Experiment zimlech interessant fannen, well ech hien ënnerstëtzen andeems ech dat selwecht Bild mam selwechten Titel hei bei mir online setzen.
Nutte

Ech bieden iech den Titel vum Bild ze entschëllegen, mee wéi gesot hunn ech en vum Jeannot iwwerholl.
Den Original Bäitrag gouf den 23. Mee online gesat, an am Moment fënnt een bei Google wann ënner “Säiten aus Lëtzebuerg (normal Web-Sich)” no “Nutte” sicht dem Jeannot seng Säit op Plaz 3.

Ech hunn et bis lo an der Biller-Sich nach net fonnt. Mol kucken wéi laang et dauert bis et do optaucht.

Vläicht wëll jo den een oder aneren vun iech bäi der Aktioun mat maachen; avis aux amateurs.

Kuck och den Original Bäitrag

  • Twitter
  • Facebook
  • Digg
  • StumbleUpon
  • Share/Bookmark

2 Äntwerten op “Google Indexéierung "Nutte"”


Hannerlooss eng Äntwert