Anscheinend huet d’Lëtzebuerger Uni elo ee Kontrakt mat der Stad an mat Esch ofgeschloss, wouno all Besëtzer vun engem “eduroam” Login kann gratis op d’Hot City Netzwierk zougräifen.
Zur Erënnerung:
- Hot City ass den kabelosen Internet den an Deeler vun der Stad an vun Esch ugebuede gëtt.
- Eduroam ass een Netzwierk vun Universitéiten dat erlaabt wann een een Account an enger Uni huet, sech och an d’Netzwierk vun enger anerer Uni anzeloggen.
Dem no kann lo jiddereen den een Uni.lu Account huet sech gratis op den Hot City aloggen. Vue dass all Uni.lu Student sou een Account huet géif dat jo theoretesch heeschen dass all Student elo gratis Internet huet.
Wien elo keen Uni.lu Student ass: D’Käschten fir sech fir een Joer op der Uni.lu unzemellen kaschten bei verschiddenen Ausbildungen nëmmen 100 €.
…
100 € fir eng Internet Flatrate ![]()
Uewendrop gëtt et dann nach eng Ausbildung; also wien do net zou schléit, deen ass selwer Schold.
Wou fënnt een dann déi Informatiounen? Ech hunn en eduroam-Account vu menger Uni. Géif dat gäre mol de Weekend probéieren
Wéi et geet weess ech och net, mee op:
http://www.eduroam.lu/
ënnert: “User area” misst een et eraus fannen, do schéngt een och Certificaten kennen erof ze lueden.
Brauch een awer anscheinend iergend een Client.
SO pit, wees de och op dat mat aneren eduroam accounts geet? hun een zu Oochen. Den funzt mat enger partie certificater clients brauch een awer keng.
Da waart bis nom Weekend, dann misst den Michel et getest hunn.
Ech krut d’Noriicht per Mail vum Uni.lu-Netzwierk Verantwortlechen, an do ass e Link wou een méi Informatiounen fënnt. Mee de Link ass fir d’internt Netzwierk, an ech hat nach keng Zäit op d’Uni ze fueren.
Ah, dat erkläert deen ‘eduroam’ deen ech haut am ‘wifi finder’ gesinn hunn
Grommel, du bass deen éischten deen bestätegt dass et effektiv a Kraaft ass, wann och nach bis lo keen konnt bestätegen dass et funktionéiert.
Hat probeirt mech an der Stadt mat mengem Uni.lu username an passwuert ze konnekteiren, well daat awer net fontkioneirt huet, hun ech haut mat Hot City telefoneirt, an si sooten dass daat nemmen um Kampus resp. do meiglech ass, wou en sech op eduroam konnekteiren kenn.
Also do wou nemmen Hotcity ugewisen gett, muss en en Post/Tango oder Creditcarte passwuert an Username hun.
Schued, also ken onlimiteirt flatrat fir studenten=(
ech kann als dozent op der uni.lu konfirméieren, dass een mat sengem uni.lu account am eduroam OCH an der Staad kann gratis surfen…