Dëse Bäitrag ass net méi aktuell, wann der iech fir d’K2 Iwwersetzung interesséiert, da kuckt w.e.g. de Bäitrag: Offiziell unerkannt Iwwersetzung vum WordPress K2/
Nodeem ech virun puer Deeg mäin K2 Theme op Lëtzebuergesch ëmgestallt hat, wëll ech interesséierten Leit d’Méiglechkeet ginn dës Sproochenastellung selwer ze benotzen.
Sou wäit ech gesinn hunn dierfen keng Feeler méi an der Iwwersetzung sinn. Falls awer wäert ech se natierlech verbesseren, an et och op dëser Plaz matdeelen.
D’*.mo Datei fënnt een an den Downloads.
Dës Datei muss der an ären K2 Folder späicheren.
De Folder fannt der héchst wahrscheinlech ënnert:
/wp-content/themes/k2
Wéi schon beim Lëtzebuergeschen Datum fir WordPress (deen der extra musst installéieren, soss hutt der trotz Lëtzebuergeschem Text awer nach den engleschen Datum) muss dir nach folgendes maachen:
An der ‘wp-config.php’ Datei déi am Haaptdossier vum Blog leit ännert een folgend Zeil:
define ('WPLANG', '');
an
define ('WPLANG', 'lu_LB');
Falls dir, wat ech iech uroden, den Datum och per *.mo wëllt automatesch änneren, dann gëllt déi Ännerung lo grad fir déi zwou *.mo Dateien.
Et kann sinn dass d’K2 *.mo Datei och fir aner WordPress Themes ze gebrauchen ass, mee dat muss der dann selwer raus fannen. Ech géif mech awer freeën wann dir mir matdeelt mat wéi engem Themes et geet.
0 Äntwerten op “K2 op Lëtzebuergesch Download”