Lëtzebuergeschen Datum am WordPress

Am Laf vun der Upassung vun mengem Blog hunn ech no enger Méiglechkeet gesicht fir den Datum den bei all Post ugewisen gëtt kennen op lëtzebuergesch un ze weisen. An de Plugins hunn ech dat wat ech sichen fonnt, just leider fir hollännesch.

Ech hunn mir de Plugin lo mol einfach ëmgeschriwwen an wat dobäi eraus kommen ass fann der hei.

Dëse Plugin ersetz nëmmen Wieder usech, mee ännert net d’Art a Weis wéi se ugewisen ginn.

Ännerung
Knapps nodeems dësen Bäitrag online war krut ech vum Michel vum Spellchecker.lu gesot dass een dat Ganzt och mat enger *.mo Datei kann maachen.

Dës Datei luet een einfach an den ‘languages’ Dossier am ‘wp-includes’ Dossier.
An der ‘wp-config.php’ Datei déi am Haaptdossier vum Blog leit ännert een dann nach folgend Zeil:
define ('WPLANG', '');
an
define ('WPLANG', 'lb_LU');
Praktescherweis hat den Michel och direkt déi néideg Datei bei Hand (déi ech mëttlerweil e bëssi verbessert hunn).

Och dëse Plugin ersetz nëmmen Wieder usech, mee ännert net d’Art a Weis wéi se ugewisen ginn.

Standard vum WordPress ass:
“<Numm vum Mount> <Zuel vum Dag vum Mount>, <Zuel vum Joer>”
also sou eppes wéi “May 10, 2009″ als Datum-Code ass dëst “F j, Y”.

Perséinlech gefält mir:
“<Numm vum Dag>, <Zuel vum Dag vum Mount> <Numm vum Mount>, <Zuel vum Joer>”
also sou eppes wéi “Sonndeg, 10 Mee, 2009″ Datum-Code “l, j F, Y” besser.

Dëst kann een am Settings Tab am Admin-Beräich änneren.

Hollänneschen Datumsplugin
Lëtzebuergeschen Datumsplugin
Lëtzebuergesch *.mo Datei

  • Twitter
  • Facebook
  • Digg
  • StumbleUpon
  • Share/Bookmark

2 Äntwerten op “Lëtzebuergeschen Datum am WordPress”


Hannerlooss eng Äntwert