Méintlechen Archive fir Mee, 2009

Säit 2 vun 2

Lëtzebuergeschen Datum am WordPress

Am Laf vun der Upassung vun mengem Blog hunn ech no enger Méiglechkeet gesicht fir den Datum den bei all Post ugewisen gëtt kennen op lëtzebuergesch un ze weisen. An de Plugins hunn ech dat wat ech sichen fonnt, just leider fir hollännesch.

Ech hunn mir de Plugin lo mol einfach ëmgeschriwwen an wat dobäi eraus kommen ass fann der hei.
‘Lëtzebuergeschen Datum am WordPress’ weider liesen

E bëssi Musek

Ech hu mer geduecht, firwat net mol all méiglech Funktiounen an Plugin austesten. Iergend wann brauch ech déi eng oder aner Funktioun wuel an wann ech dann net weess wéi se ze benotzen ass, dann kucken ech schéin domm.

Video Integratioun hat ech jo schon, als nächst ass dowéinst Audio Integratioun un der Rei.

Fir awer lo net einfach sou zoufällegen (an sënnlosen) Toun erop ze lueden, hunn ech wëlles eng kleng Serie ze starten wou ech jeeweils 3 Lidder uginn déi mir wéinst wat och ëmmer gefalen.

Dës Kéier: Franséisch Lidder.

      Moustaki – Le Métèque
      [audio:2009/05/Moustaki - Le Meteque.mp3|titles=Le Métèque|artists=Moustaki]
      Jean-Jacques Goldman -Tournent les violons
      [audio:2009/05/Jean-Jacques Goldman -Tournent les violons.mp3|titles=Tournent les violons|artists=Jean-Jacques Goldman]
      Michel Sardou – En chantant
      [audio:2009/05/Michel Sardou - En chantant.mp3|titles=En chantant|artists=Michel Sardou]

Firwat fänken ech ausgerechent mat franséischen Lidder un? Gutt Fro. … nächst Fro!
Ech hunn einfach an der läscht zimlech oft CD’en vu menger Mamm “geklaut”. An vun der Musek déi ech bei hir kann klauen ouni Ouere-Kriibs ze kréien ass dat meescht nun mol Franséisch

Kuck och: den zweeten Deel

Anime op Lëtzebuergesch

Virun engem Joer hunn ech ugefaang mech mam Spellchecker ze amuséieren.
Eng vun den éischten Ideeën déi mir do an de Kapp komm ass, war een Anime ( japaneschen  Zeechentrickfilm) op lëtzebuergesch ze ënnertitelen.

httpvp://www.youtube.com/view_play_list?p=D8EA832C39D78198
‘Anime op Lëtzebuergesch’ weider liesen