Duerch een Bäitrag um Charel sengem Blog sinn ech drop Opmierksam ginn dass ech säit genee engem Mount mäi Blog hunn.
Wat d’Zieler sinn déi ech mer deemools gesat hat, war ech zimlech bescheiden:
-
- Am Duerchschnëtt emol an der Woch en neien Bäitrag. (16 Bäiträg bis elo … Optrag erfëllt)
- Esouvill wéi méiglech Leit op mäi Blog kréien. (Do muss ech nach dru schaffen, mee sinn awer erstaunt wéi Kommentaren op Facebook d’Unzuel kennen an d’Lut dreiwen)
- Meng Gedanken an d’Welt droen. (Bei puer Bäiträg misst mer dat gegléckt sinn)
Wat d’Unzuel vun Leit ugeet déi sech hei hin veriren, sou hunn ech pro Dag am Duerchschnëtt eng 25 Visiteuren. Wat fir sou een neien Blog menger Meenung no net schlecht ass.
Kuck och: Dem Charel säi Blog
Congrats!
Hey Pit,
Vu menger sait aus och congratz , an merci fir d verlinkung , a weider vill erfolleg !