No deem ech lo säit e puer Wochen den Vista op lëtzebuergesch hunn, sinn mer nach e puer Saachen opgefall.
Ënner anerem eng weider onglécklech Iwwersetzung:
Style Sheet op Stil Blat ze iwwersetzen kann een jo nach gëlle loossen, mee “Cascading” als Waasserfall? Cascade wier een Waasserfall…
Dës weideren hunn ech beim Versuch d’Uweisen vun der Auerzäit ze personaliséieren mech an d’”Regional – a Sproochoptiounen” verlaf.
Hei kritt een dann erklärt wéi een den Datum kann veränneren:
Aus wéi engem Grond och ëmmer muss een “a” fir den Dag benotzen obwuel an der Erklärung behaapt gëtt et misst een “d” huelen.
Wat ech ausserdeem ze bemängelen hunn, ass d’Tatsaach dass ech bis elo nach keng Help-Datei fonnt hunn déi op lëtzebuergesch iwwersat gouf, an et dowéinst wann een déi wierklech emol bräicht, quasi onméiglech ass dat no ze vollzéien wat se engem soen. Wéi soll een User den net eenz gëtt w.e.g. eng Uweisung befollegen wann alles ( Nimm vun den Tabs an Selektiounen ageschloss ) op englesch do steet?
Sou wéi et ausgesäit ass dat hei eng “Affaire à suivre” fir et mat de faméise Wierder vun engem bestëmmte Journalist ze soen.
Den éischten Deel vun dëser Analyse fann der hei.

Also wanns de keng lusch Iwwersetzungen wells, installeier deng Software einfach an der Originalsprooch. Dann muss de dech net mei (oder net mei esou vill) opreegen
Mee et muss een zwar schon zougin dass dei Iwwersetzungen zum Letzeubergeschen schon bessi krass sin deelweis
Mee dei zum Däitschen dass z.B. och net sou extrem perfekt
Ech hunn se jo an der Original Sprooch installéiert, eben just en aneren Sproochepak drop gesat
.
Ech sinn frou driwwer dass ech kann Programmer op lëtzebuergesch benotzen, an wëll och éischter dass déi Artikelen hei als konstruktiv Kritik gesi ginn, wéi als Microsoft-erofmaach. Ech hunn am Fong och wëlles eng Lëscht vun Saachen déi mer opgefall sinn un Microsoft ze schécken, fir dass si et vläicht verbesseren.
Well ech sinn der Meenung dass näischt sou vill fir den Erhalt vun eiser Sprooch bäidréit wéi d’Informatik, an déi domatt verbonnen Notzungs-méiglechkeeten (Email/Foren/Blogen/…)
Et kann een et och iwwerdréiwen … heiandsdo soll een einfach technesch Ausdréck iwwerhuelen. Soss kommen och sou Blödsinnegkeeten wéi ‘courriel’ eraus …
Wann s de mat ‘courriel’ courrier électronique mengs dann hätt ech eng flott lëtzebuergesch Iwwersetzung op Lager:
El-Bréif an dat géif dann Äl-Bréif ausgeschwat ginn
Ech fannen dat kléngt ganz häerzeg.
Ech wees nët wat un “courriel” sou schlëmm soll sinn. ‘T ass einfach en nei erschafent Wuert fier eppes wat een eben nët konnt wuertwiertlech iwwersetzen.
wéi kann ech dann dann de Programm Vista op Létzebuergesch iwwer schreiwen?
Den Download vum Lëtzebuergeschen Sproochepak fënnt een um Microsoft Site:
http://www.microsoft.com/downloads/details.aspx?FamilyID=0e21eb7b-e01a-4fcc-b7f1-30e419da7f5b&displaylang=lb
Do steet och wat ee genee muss maachen fir d’Sprooch ze wiesselen.