WordPress K2 op Lëtzebuergesch

No deem ech lo eng Zäit den Kubrick Theme benotzt hat, an mech mat Hëllef vun dem an d’Bloggen ageschafft hunn, hat ech mer d’Méi gemaach en op lëtzebuergesch ze iwwersetzten.

Well mer den Kubrick awer un sech net gefall huet hunn ech elo säin Nofolger, den K2 iwwersat.

Am Moment loossen ech déi lëtzebuergesch Versioun vum K2 (Ka-Zwee) lo mol bëssi bei mir um Blog lafen, an wann ech dann déi meescht Bugs erausgefëscht hunn, dann bidden ech en fir déi wou en wëllen zum Download un.
D’Iwwersetzungsdatei ass mëttlerweil zum Download fräiginn

Ech sinn natierlech frou iwwer all Hiwäis op Feeler oder Verbesserungsméiglechkeeten.

Ech wäert och demnächst déi lëtzebuergesch Versioun vum Kubrick zum Download ubidden

Kuck och: WordPress Datum op lëtzebuergesch

  • Twitter
  • Facebook
  • Digg
  • StumbleUpon
  • Share/Bookmark

4 Äntwerten op “WordPress K2 op Lëtzebuergesch”


  • Ech notzen och K2, ass wierklech toll gemeet an immens flexibel. Loop.php is your friend. ;)

  • Du hues en awer net op Lëtzebuergesch :p

  • Ech hat mer och eng lëtzebuergesch ,mo Datei fir mäi Blog geschriwwen firun e puer Méint. Ech fannen et cool, dass et nach Leit an der Blogbuerg ginn déi dat maachen. :)

  • @Thierry Et ginn jo awer alt e puer Blogen déi komplett (net nëmmen Inhalt) op Lëtzebuergesch sinn.

    Beim Kubrick hat ech nach all .php Datei eenzel duerchforscht, an all String iwwersat. Beim K2 hunn ech lo och .mo Datei benotzt.

    Woubäi ech lo um iwwerleeën sinn op ech d’Iwwersetzung vum Kubrick soll als .mo Datei zum Download ubidden oder déi schon existéiernd .php Dateien.

Hannerlooss eng Äntwert