Duerch een Bäitrag vum Dan sengem Blog sinn ech op MOO opmierksam ginn.
Do kann een online eegen Visite-Kaarten erstellen, mat eegenem Bild an hei an do.
Iergend wéi wollt ech schon ëmmer Visite-Kaarten, mä eben keng sou 08-15 Kaarten. An do passen mir déi MiniCards déi si ubidden nawell zimlech an de Krom. En-plus hunn ech sou mol rëm eng Méiglechkeet mäin PayPal-Account ze benotzen.
‘Visite-Kaarten emol anescht’ weider liesen
De Moien sinn ech säit laangen mol rëm eng Kéier mat engem flotten Lidd wat ech Éiwegkeeten net méi héieren hunn erwächt ginn.
An zwar dem Gollo säin Lidd “Nr. 60110”
‘Nummer Sechzegdausendhonnertzéng (NR. 60110)’ weider liesen
Wann een wéi ech oft op lëtzebuergesch schreift, an dëst och wëll halbwegs richteg maachen, kennt een net drëm erëm zimlech oft ‘ë’ ze tippen. Well et awer keng sou keng [ë]-Tast gëtt muss en zimlech ëmständlech déi zwou Tasten [¨] an [e] drécken.
Nodeems ech eng Kéier am Facebook een Opruff gemaach hat op keen eng Léisung parat hätt, ‘Lëtzebuergesch Tastatur mat ë’ weider liesen
Am Fong hunn ech mech ni sou wierklech fir d’Walen interesséiert, bis elo déi zwou Online Wal-Hëllefs-Plattformen op komm sinn; smartvote.lu an politikercheck.lu.
De smartvote ass vun der Idee hir jo ganz an der Rei, mee d’Ëmsetzung ass aus menger Siicht net gelongen. Ech géif gär pro Fro gesinn wéi d’Politiker geäntwert hunn, an net een Diagramm de mer seet wéi ech politesch agestallt sinn.
Mee ech wollt eigentlech iwwer meng Fro un de Här Biltgen um politikercheck schreiwen.
Well ech op der Uni sinn, an drun denken muss demnächst eng Plaz ze sichen/fannen, wollt ech wëssen wéi et mat der Unerkennung vun den neien Diplomer beim Stat ass.
‘Unerkennung vun den Bachelor-Diplomen beim Stat’ weider liesen
Rezent Kommentaren