Wann een wéi ech oft op lëtzebuergesch schreift, an dëst och wëll halbwegs richteg maachen, kennt een net drëm erëm zimlech oft ‘ë’ ze tippen. Well et awer keng sou keng [ë]-Tast gëtt muss en zimlech ëmständlech déi zwou Tasten [¨] an [e] drécken.
Nodeems ech eng Kéier am Facebook een Opruff gemaach hat op keen eng Léisung parat hätt, krut ech een personaliséierte Tastaturen Layout vum Michel zou geschéckt. Hien huet [$]-Tast benotzt fir am normalen Modus den ‘ë’ an am Shift-Modus den ‘Ë’ ze tippen.
Dëst huet mech awer aus zwee Grënn net iwwerzeegt:
-
1. Benotzen ech d’$-Symbol och zimlech oft, an dann hätt ech mech fir dat missen ëmgewinnen.
-
2. Sinn ‘ö’, ‘ä’ an ‘ü’ och nëmmen duerch Shift+[é], Shift+[à] an Shift+[è] ze erreechen. Ö, Ä an Ü kritt een duerch [¨]O, [¨]A resp. [¨]U.
Ënner Berécksichtigung vun dësen zwee Punkten sinn ech zum Schluss komm dass et am logeschsten wier ‘ë’ op Shift+[$] ze leeën an ‘Ë’ op [¨][E].
Dat Ganzt hunn ech mam Microsoft Keyboard Layout Creator gemaach, an et funktionéiert ouni Problem souwuel um Windows Vista wéi och um Windows XP.
Beim schreiwen vun dësen Bäitrag ass mer opgefall dass den Michel mer elo schon e puer mol bei technesch/lëtzebuergeschen Saachen gehollef huet, net ze schwätzen vun sengem Spellchecker, ech wëll him dofir Merci soen.
Wann een um Layout interesséiert ass, an ze Faul et selwer ze probéieren, kann en sech bei mir mellen.
Du wees net zoufälleg wuer um däitschen Layout dei Pinktelcher sin?
Gär geschitt
Den [¨] ass een sou genannten ‘Dead key’ well en eleng näischt mécht.
Am däitschen Layout ginn et nëmmen folgend dead keys: ^ ` ´
Also muss de wann s de den ‘ë’ wëlls tippen wuel däin Layout personaliséieren :-p
http://en.wikipedia.org/wiki/Keyboard_layout#Germany_and_Austria_.28but_not_Switzerland.29
an ween huet der den tip gin vier deen programm he he he ?
Éierlech gesot hat ech gemengt et wier den Michel gewiescht, mä sou wéi s du dech hei opspills, waars du et wuel ck. :p