Unerkennung vun den Bachelor-Diplomen beim Stat

Am Fong hunn ech mech ni sou wierklech fir d’Walen interesséiert, bis elo déi zwou Online Wal-Hëllefs-Plattformen op komm sinn; smartvote.lu an politikercheck.lu.

De smartvote ass vun der Idee hir jo ganz an der Rei, mee d’Ëmsetzung ass aus menger Siicht net gelongen. Ech géif gär pro Fro gesinn wéi d’Politiker geäntwert hunn, an net een Diagramm de mer seet wéi ech politesch agestallt sinn.

Mee ech wollt eigentlech iwwer meng Fro un de Här Biltgen um politikercheck schreiwen.

Well ech op der Uni sinn, an drun denken muss demnächst eng Plaz ze sichen/fannen, wollt ech wëssen wéi et mat der Unerkennung vun den neien Diplomer beim Stat ass.

Meng Fro:

Moien,

kéint dir mir soen wéi et méiglech ass dass lo säit 5 Joer Reklamm gemaach gëtt fir de Bologna Prozess an déi domatt verbonnen Diplomer, de Stat awer déi nach net unerkennt?

Laut dem Bologna Prozess ginn et jo lo ënner anerem déi folgend Diplomer:

Bachelor, 3 Joer Uni,
an
Master, 5 Joer Uni.

Bei offiziellen Ausschreiwungen vun Aarbechtsplazen beim Stat ginn awer nach ëmmer 4 Joer Universitéit verlaangt (“un cycle universitaire complet de quatre années en …”), wat dem alen System entsprécht.

Ginn déi nei Diplomer mëttlerweil och unerkannt? Firwat gëtt dat dann net an denen Annoncen mat uginn.
Falls et awer net unerkannt gëtt, ab wéini kann een dann domat rechnen?

Als kleng Erënnerung: schon dat läscht Joer hunn op der Uni Lëtzebuerg déi éischt Studenten de Bachelor Diplom kritt.

Ech soen iech am viraus Merci fir är Äntwert,
Pit

Dem Här Biltgen seng Äntwert:

Léiwen Här Pit Winquin

Den Bologna Prozess as net nemmen d’Aféierung vun neien Diplomer , et ass och d’Aféierung vun enger neier Philosophie. Et kann een dofir och net Bachelor, Master an Dokter einfach mat Bac+ Joeren gleichstellen.

Richteg ass, datt de Bachelor an Zukunft, op en 180 oder 240 Ects’en huet (et geet net méi an Joeren gerechent) den Basisofschlossdiplom vun enger Uni as.

Richteg ass och, datt d’Struktur vun dem oeffentlechen Dingscht sech nach net ganz op déi nei Bolognaphilosophie agestallt huet. Daat as och net einfach, well et net eleng em Klassifizéierung vun Diplomen geet.

D’Regierung huet allerdengs schons den 19 Februar 2009 en Gesetzesprojet an der Chamber déposeiert dén dei noutwendeg Emennerungen viirgeseit fir den Bologna Prozess an der Fonction publique emzesetzen. Ech gin dovunn aus das dese Projet am Hiescht respektiv dest Joer nach waert gestemmt gin.

Et muss awer och beim Staatsbeamtensystem aaneren Iwerleeungen vum Bolognaprozess Rechnung gedroen gin, naemlech dem z.B. Liverlonglearning, der Unerkennung vun der Experienz aus dem Beruffsliewen, an d’Ariichten vu bessere Brecken net nemmen teschent Berufswelt a Bildungswelt, mé och teschent de verschiddenen Berufswelten d.h. teschent dem oeffentlechen a privaten Sekteur. Meng Partei wellt dofir eng emfassend Gehälterreform wou all déi doten Problemer geléist gin.

Mir schreiwen dofir an eisem Wahlprogramm enner aanerem ” Insbesondere sollte zu Beginn der neuen Legislaturperiode die sich aufdrängenden Schlussfolgerungen aus der von der amtierenden Regierung in Auftrag gegebenen allgemeinen Gehälterstudie gezogen werden. Dies, um der (besonders, jedoch nicht ausschliesslich durch den Bolognaprozess) veränderte Diplomlandschaft in Europa und in unserem Land Rechnung zu tragen…..”

De Rescht vun eisen Iwerleeungen kennt Dir an eisem Wahlprogramm Seite 42
noliesen.

Mat léiwe Gréiss

François Biltgen

Mol dovun ofgesi dass en mäin Familljen-Numm falsch geschriwwen huet, obwuel den nieft dem Artikel stoung, sinn ech zefridden mat der Äntwert. Net nëmmen huet den Här Biltgen meng primitiv Definitioun vun den neien Diplomer verbessert, och huet en sech beméit d’Problemer beim upassen vun den Diplomer ze erklären.

Et happert awer nach beim korrekten schreiwen vun eiser Sprooch, an dat als Minister vun der Kultur, dem Enseignement supérieur an der Recherche. En plus ginn et jo an Tëschenzäit genuch Programmer (souguer deelweis vum Stat ënnerstëtz) fir eis Sprooch richteg ze schreiwen.

Ech gleewen zwar lo net sou direkt dass et wierklech nach dëst Joer zum Vote vun der Ännerung kennt, mee
hoffen awer dass fir spéitstens nächst Joer wann déi 3. Kéier Bachelor-Diplomer verdeelt ginn. dës Leit och eng Plaz beim Stat kennen fannen.

Den original Bäitrag ass ze fannen um politikercheck.lu

  • Twitter
  • Facebook
  • Digg
  • StumbleUpon
  • Share/Bookmark

4 Äntwerten op “Unerkennung vun den Bachelor-Diplomen beim Stat”


  • Jo et geif definitif zeit gin dass dat iwerholl get, an och domadder geklärt get mat weiengem Diplom een an engem lycee kann kueren gin. Awer och unerkennung fun Dokteretitlen misst mol sou lues beim Staat kommen, wel bis lo get dokterarbescht just als schaffjoren nom diplom gewaert.

    an nee desen Beitrag ass net verbesert gin ;)

    mfg

    Laurent

  • Dir äntwert en Politiker wéinstens. Den Jean Asselborn huet mir op meng Fro guernet geäntwert.

  • Ech drécken dir, oder besser gesot dem Här Asselborn d’Daumen (falls en sech mat der Äntwert deng Stëmm kann sécheren) dass en nach virum Sonnden äntwert ;)

    Ech wollt am Fong schon virun zwou Wochen déi Fro do stellen, mee well den Här Biltgen nach zwou Froen op stoen hat, duecht ech et hätt kee Sënn. Wéi awer dunn déi zwou aner Froen beäntwert goufen hunn ech einfach mol probéiert. Op dat lo vun senger Säit e Versuch war nach Stëmmen ze fänken oder en bis dohin keng Zäit hat fir sech ëm de Site ze bekëmmeren sief mol dohi gestallt.

  • Lo wou d Wahlen eriwer sin, as dat bestemmt och nees vergies ;)

    Kennt en jo…

Hannerlooss eng Äntwert