Duerch een Bäitrag vum Dan sengem Blog sinn ech op MOO opmierksam ginn.
Do kann een online eegen Visite-Kaarten erstellen, mat eegenem Bild an hei an do.
Iergend wéi wollt ech schon ëmmer Visite-Kaarten, mä eben keng sou 08-15 Kaarten. An do passen mir déi MiniCards déi si ubidden nawell zimlech an de Krom. En-plus hunn ech sou mol rëm eng Méiglechkeet mäin PayPal-Account ze benotzen.
Wat och ganz flott ass, ass dass en bei engem Pack vun 100 Minicards theoretesch op all Kaart een anert Bild kéint drop setzen. Sou vill flott Motiver am Format 28*70 mm hat ech awer net, an hunn nëmmen 2 Fotoen vun mengen Hond benotzt. Eng aner Versioun vun der Foto am Logo an déi folgend.
Natierlech anescht gecropt.
Als Text hannendrop:
Numm, Telefonsnummer, Adress, Email-Adress an Homepage.
Woubäi am Preview all Wutzen vun den Buschtawen ënnen ofgeschnidden goufen. Ass zwar net weider schlëmm, mä ech hoffen awer dass et um fäerdegen Produit net sou ass.
Kascht huet de ganzen Spaass inklusiv Versand nëmmen 15.22€, dëst Dank dem Dan senger Rabatt-Aktioun
Deemno wéi déi Kaarten elo ausgesinn wäert ech vläicht nach puer aner Saachen do bestellen: MOO
Flott dass moo.com der gefall huet
Ech kann der lo scho soen, daat ech immens iwerrascht wier, wann der d’Qualitéit vun den Kaarten net giff gefaalen. Ech fannen se immens (wa mer lo just vun der Qualitéit schwätzen – anescht zwar och…) Fir déi 100 verschidde Kaarten haat ech mer hei gehollef:
http://dawnm.com/fresh/2008/06/moo-minicard-templates-for-pho.php
Moo huet och eng Template:
http://uk.moo.com/en/help/help.php?page=format-guide
Bei mier op de Kaarten ass mol näischt iirgendwei ofgeschnidden, mee daat kennt och vläicht vun der Schreftart kommen?
Wenschen der op alle Fall vill Spass mat de Kärtecher!
Lo hat ech scho bal vergiess dass ech déi Kaarten do bestallt hat. (Examensstress)
“Hello,
it’s Little MOO again. I thought you’d like to know, the following items
from your order are now in the mail:
1 x MiniCards (100)
…”
Déi E-Mail huet mech awer rëm drun erënnert
Lo muss ech just nach
5-154-14 Schaffdeeg waarden.