Windows Vista op lëtzebuergesch déi 3.

Ech hat mech jo schon driwwer geiergert dass ech den lëtzebuergesche Numm vum “Freecell”-Spill zimlech topeg fannen, mä elo ass mer beim “Fräifeld” nach eppes opgefall.

An der Statusleescht gëtt et ee Counter deen d’Unzuel vun den nach verbliwwene Kaarten zielt:

Fräifeld

Dëse Counter heescht “Kaarte lénks”. Ech hu mech eng Zäit laang gefrot firwat deen sou heescht. D’Spill u sech huet jo 1 Spillfeld an 2 Kéip, do géif et halbwegs Sënn maachen d’Kaarten um lénkse Koup ze zielen. Mee iergendwéi huet dat mech net sou richteg iwwerzeegt.

Bis ech mer lo iwwerluecht hunn wéi se dann op déi Iwwersetzung komm sinn.

“Kaarte lénks” –> “Cards left”? … hm jo da mécht Sënn … woubäi ‘left’ am engleschen zwou verschidden Bedeitungen huet … leider hunn se bei der Iwwersetzung déi falsch erwescht …

Wien ka mer soen wéi de Counter richteg iwwersat misst ginn? ;)

Kuckt och den éischten an zweeten Deel vun ‘Windows Vista op lëtzebuergesch’.

  • Twitter
  • Facebook
  • Digg
  • StumbleUpon
  • Share/Bookmark

0 Äntwerten op “Windows Vista op lëtzebuergesch déi 3.”


  • Keng Kommentaren

Hannerlooss eng Äntwert