*how very exciting
Jo, dat war et, opreegend.
Obwuel ech bal net méi dru gegleeft hat dass ech se iwwerhaapt géif kréien, well et schlussendlech 16 Schaffdeeg gedauert huet, aplaz maximal 15 wéi MOO behaapt huet.
Mee lo sinn se do; meng MOO Minicards
Qualitativ héichwäerteg, souwuel de Pabeier, wéi och den Drock u sech.
A wéi den Dan et schon gemaach hat, well och ech iech d’Méiglechkeet ginn de MOO-service zu engem gënschtegen Präis aus ze probéieren.
Dozou ginn ech iech folgenden Aktiounscode:
T9Y67C
mat deem der keen Versand musst bezuelen bei ärer éischter Commande. Wann méi wéi dräi Leit dëse Code benotzen kréien ech eppes gratis, also gitt iech drun
Zousätzlech hunn ech awer och nach een emol gültegen Aktiounscode fir 15% Reduktioun op enger éischter Commande. Deen éischten deen sech mellt, dem ginn ech dëse Code.
sin dat normal visitenkaarten?
Si hunn “Business Cards” am Format 55*84mm déi sinn “normal”
D’Minicards sinn halt mini an net “normal”, mä de Code ass net op een Produit bezunn, also kanns de en och fir Business Cards benotzen
Hues de och Fotoen vun denge Minicards? Bei mier dauert d’Liwerung och emmer besse méi laang wéi mer léif ass, mee bon
Hunn nëmmen zwou verschidden Fotoen, an déi sinn net sou spektakulär:
http://blog.wenkin.lu/2009/06/visite-kaarten-emol-anescht/
Mä sinn schon am gaang e bëssi méi ausgefalen Designer fir déi nächst Bestellung ze entwerfen.
An ech wollt och mol sou e Sticker Block ausprobéieren. Zum Deel fir ee Mosaik fir op de Laptop. Mä well ech net all ze gutt mam Photoshop eenz ginn, dauert dat nach e bëssi.