Méintlechen Archive fir August, 2009

Vertraute Fremde

Ech hunn virun enger Zäit op engem Blog gelies dass dëst Buch géif verfilmt ginn. Mee ech weess beim Beschte Wëllen net méi op wéi engem Blog.

Ech sinn souguer der Meenung dass et op engem lëtzebuergeschen Blog war.

Ech géif de Film nawell gär gesinn, an wéisst gär wéi wäit d’Verfilmung ass.
Wien kann mir soen op wéi engem Blog dat war?

Apropos, ech kann dat Buch nëmmen empfielen, och wann een lo net sou op Comicshefter/Manga steet ass et awer eng flott Geschicht.

Prepaid Visaskaart

Ech hat jo schon doriwwer geschriwwen dass ech mer wollt sou eng Prepaid Visaskaart vun der Post beschafen.

Et ass mer no e puer Ufanks-Schwieregkeeten gegléckt, mä leider koumen dono nach aner Schwieregkeeten.

Opfëllen vun der Kaart ass nach dat einfachst. ‘Prepaid Visaskaart’ weider liesen