Prepaid Visaskaart

Ech hat jo schon doriwwer geschriwwen dass ech mer wollt sou eng Prepaid Visaskaart vun der Post beschafen.

Et ass mer no e puer Ufanks-Schwieregkeeten gegléckt, mä leider koumen dono nach aner Schwieregkeeten.

Opfëllen vun der Kaart ass nach dat einfachst.
Am Guichet oder iwwer Virement op d’IBAN Nummer um Réck vun der Kaart. Do kennt awer schon den gréissten Nodeel vun der Kaart. Et ass keen Numm drop. Also wien dréit een beim Virement ënnert “Nom du bénéficaire” an? De Numm vum Besëtzer? Also an mengem Fall mäin eegenen Numm. Nuje kann jo net vill schif goen. Also e puer Euro als Test iwwerweisen an d’Daumen drécken.

Mee wéi gëtt een lo gewuer op d’Suen ukomm sinn? Et pilgert een bei e Bancomat, an mat Hëllef vum Pin den en bei der Kaart dobäi krut loggt een sech do an wéi mat enger normaler Kaart. Sou d’Theorie. An der Praxis kritt een zweemol gesot de Pin wier falsch, obwuel een sech sécher ass de richtegen aginn ze hunn. Eng drëtt Kéier hunn ech léiwer net probéiert, an sinn mol an de Guichet gaang. Do konnten se mer dann zwar net soen firwat de Bancomat gestreikt huet, mä awer ëmmerhin gouf ech gewuer dass d’Suen ukomm sinn ( Minus 1 € Fraisen).

Juchu et steet näischt am Wee fir den éischten Online Akaf. Näischt ausser de feelenden Numm vum Besëtzer, well den gëtt een nieft der Kaarten-Nummer an dem Oflaf-Datum vun der Kaart och nach gefrot.
Alt erëm mol einfach den eegenen Numm ginn an d’Daumen drécken, a kuck do no puer Deeg kënnt d’Tatsächlech dat bestalltend per Post.

Lo hunn ech just nach de Problem mat der Iwwersicht iwwert de Kontostand.

Dofir ass dat nächst wat ech mer lo uschafen ass wuel een CCP Connect, also den Online-Banking vun der Post, well doriwwer kann een angeblech (ech gleewen näischt méi ier ech et iwwerpréift hunn) de Kontostand OCH vun der Prepaid Kaart kucken.

Affaire a suivre.

Kuck och: Eis Post & Userfrëndlechkeet

  • Twitter
  • Facebook
  • Digg
  • StumbleUpon
  • Share/Bookmark

5 Äntwerten op “Prepaid Visaskaart”


  • Jop, mat CCP Connect kann een dat Dengen oplueden, oflueden, den aktuelle Stand kucken an esouguer dei eenzel Muwementer. Ech mengen och dass et dann “nemmen” 50 Cent Fraisen kascht.

    Ouni CCP Connect wier mir dat ganzt einfach ze blöd.

  • Eng Prepaid Visakaart huet effektiv vill Senn. Den Grond wisou ech iwerhaapt eng Visa hun ass well online baal nix aaneres gefroot get. Eng Prepaid kaart hät deen Dengscht och erfellt.

    Extrem gudd wärt daat fir meng Frendin sin, dei sech keng gratis Programmer vum Apple App-Store kann eroflueden well se keng Visa an dommader keen Apple Konto huet.

  • Ech fannen dei Prepaid eng gudd Idee (oofgesin vun dem Service dohannert wou ech lo net wirklech begeeschtert sin ,wann ech daat hei liesen).
    Fir Leit dei net eens gin matt enger normaler Visa (zB wou mengen se missten ALLES kaafen an dann “nukuck, daat muss een jo den nächsten Mount awer bezuelen)
    oder fir Kanner.
    D’Elteren lueden d’Kaart op matt 50 Öro an dann kann et lassgoen. Eidel ass eidel.

    Ansonsten gin ech perséinlech neischt bei d’Post sichen, waat matt enger Bank soll ze din hun.
    Zevill onsecher, zevill deier, par rapport zu aaneren Banken eben.

  • Hm d Idee fun enger prepaid visa kaart mecht zwar senn, wann ech mer dat doten gedeesems awer unheieren gesin ech den zweck (fir mech perseinlech) net an wisou ech sollt eng Prepaid Visa gebrauchen, wann ech eng richteg VISA kann hun.

    Fir Elteren dei hieren kanner eng VISA wellen gin, as d Prepaid visa eng gudd saach…. allerdings hat ech als Kand och keng visa, an hun keng gebraucht ;) Ok et gouf och keen Internet. Ob d Kanner lo eng visa brauchen, as eng aner egschicht.

  • Ech hat am Fong zwee Grënn firwat ech eng Prepaid geholl hunn:

    1. Sécherheet: Wann näischt méi drop ass, ass näischt méi drop, also kann wann iergend een meng Donnéeën géif offänken net all ze vill Schued entstoen. Ech lueden eben puer Euro drop, fir sou Klengegkeeten ze bezuelen. A wann ech eppes Gréisseres wéilt, dann kann dat och zwee Deeg waarden, bis ech d’Kaart bis zu dem Montant gefëllt hunn.

    Enplus ass een da sécher virun spontan Akeef déi een herno bereit =)

    2. Fir eng “normal” Visaskaart brauch en ee regelméissegt Akommes, oder Ënnerschrëft vun den Elteren …

    An dass ech déi Kaart lo bei der Post hunn, leit nun mol drun dass d’Post déi (esouwäit ech dat gesinn hunn) eenzeg Bank ass wou een sou eppes kritt. Ech mengen zwar (elo jiddefalls nach) dass ech déi Kaart och dann nach vir Online Akeef wäert weider benotzen wann ech mol eng “normal” Visaskaart hunn, einfach wéint der Secherheet.

Hannerlooss eng Äntwert