Spellchecker.lu Browser Add-onen

Ech benotzen zimlech oft d’Méiglechkeet déi Spellchecker.lu bitt vir eenzel Wierder ze korrigéieren. Well et mir awer ze ëmständlech ass e Browser op ze maachen, d’Adress anzetippen, déi kleng Këscht aus ze wielen

an dann do mäi Wuert an ze tippen, hunn ech een Add-on geschriwwen deen et erlaabt mat Hëllef vun der Sich-Maschinn déi déi meescht Browseren ubidden direkt kënnen d’Wuert ze verbesseren.

Et gëtt en direkt op d’Spellchecker.lu Säit geleet, wou d’Wuert schon ausgefëllt ass, an een och direkt ugewise kritt op et richteg ass.

An engems hunn ech dann nach een ähnlechen Add-on geschriwwen deen no Synonyme sicht. Dëst iwwert déi eventuell net sou bekannten Ënnersäit Thesaurus.lu vum ‘Spellchecker.lu

Fir dës Add-one kënnen ze benotze muss dir op Spellchecker.lu laanscht surfen, an do dat folgend maachen:

Follegt w.e.g. der fir äre Browser ugi Prozedur.

Mozilla Firefox
Internet Explorer
Opera
Google Chrome
Apple Safari

——————————————————————————–

De Mozilla Firefox signaliséiert duerch eng méi donkel Fuerf vum Feil nieft dem Ikon vun der aktueller Sich-Maschinn dass en eng nei Sich-Maschinn fonnt huet muss een op de Feil no ënnen nieft dem Ikon vun der aktueller Sich-Maschinn klicken.
Do missten dann d’Menüpunkten ‘Add “Spellchecker.lu”‘ an ‘Add “Thesaurus.lu”‘ ze gesi sinn.

Wann een do drop klickt gi se automatesch installéiert an och direkt als aktuell Sich-Maschinn gesat

——————————————————————————–

Den Internet Explorer signaliséiert déi nei Sich-Maschinn duerch d’Ännere vun der Fuerf vum Feil. Och hei klickt een op de Feil.

Do missten dann am Menüpunkt ‘Add Search Provider’ “Spellchecker.lu” an “Thesaurus.lu” ze gesi sinn.
Wann een do drop klickt gëtt en nach eng Kéier an engem Popup gefrot op en d’Sich-Maschinn wierklech wëll dobäi sëtzen, an et kann een se un Hand vun enger Checkbox direkt als standard Sich-Maschinn definéieren

——————————————————————————–

Fir Opera gëtt et folgend manuell Méiglechkeet:

Dir gitt an de Menü op: Tools -> Preferences -> [Search] (Add)
(An Tools-> Preferences kënnt een duerch d’Taste-Kombinatioun Ctrl+F12)

Fir de Spellchecker:

Name: Spellchecker.lu
Keyword: s (z.B.)

Hei muss een deemno wéi op “Details &t;>” klicken fir déi folgend Zeil ugewisen ze kréien.

Address: http://spellchecker.lu/?source=browsersearch&cw_word=%s

Use POST: net uklicken

Déi zwou aner Checkboxen no Beléifen un oder aus klicken

Fir den Thesaurus:

Name: Thesaurus.lu
Keyword: t (z.B.)

Hei muss en deemno wéi op “Details >>” klicken fir déi folgend Zeil ugewisen ze kréien.

Address: http://spellchecker.lu/thesaurus/?source=browsersearch&keyword=%s

Use POST: net uklicken

Déi zwou aner Checkboxen no Beléifen un oder aus klicken

——————————————————————————–

Am Google Chrome kann een d’Sich-Maschinn vun der Adress-leescht änneren. Leider huet een hei keng einfach Méiglechkeet tëscht den eenzelne Sich-Maschinnen ëm ze switchen:

Dir gitt an de Menü op: Tools (De Schrauweschlëssel riets uewen) -> Options -> [Basics]

Bei ‘Default search:’ op (Manage) an dono op (Add…) klicken

Heihin kënnt een och direkt duerch Rietsklick an d’Adress-leescht -> Edit search engines…

Fir de Spellchecker:

Name: Spellchecker.lu
Keyword: spellchecker.lu spellchecker
Address: http://spellchecker.lu/?source=browsersearch&cw_word=%s

Fir den Thesaurus:

Name: Thesaurus.lu
Keyword: spellchecker.lu thesaurus
Address: http://spellchecker.lu/thesaurus/?source=browsersearch&keyword=%s

Dann muss een d’agedroen Sich-Maschinn nach uwielen an mat (Make Default) aktivéieren.

——————————————————————————–

Fir Apple Safari gëtt et d’Méiglechkeet iwwert verschidden Add-onen nei Sich-Maschinne bäi ze setzen. Well et hei verschidden Add-one ginn iwwerloossen ech iech selwer raus ze fanne wéi dat geet. D’Adress déi dir musst ugi fann der beim Safari resp. Google Chrome Abschnitt.

  • Twitter
  • Facebook
  • Digg
  • StumbleUpon
  • Share/Bookmark

2 Äntwerten op “Spellchecker.lu Browser Add-onen”


Hannerlooss eng Äntwert