No deem ech virun zwou Wochen Add-onen geschriwwen hat fir d’Funktiounen vun Spellchecker.lu méi einfach kënnen an verschiddenen Browseren opzeruffen, hunn ech dës Add-onen elo e bëssi ëmgeschriwwen, an bei Mozilla eropgelueden.
Dëst huet puer Virdeeler fir Firefox Benotzer:
- Mozilla iwwerpréift all Add-on deen op hirem Site gehost gëtt; also sidd der Sécher dass keen schiedlechen Code an mengen Add-onen verstoppt ass.
- Kritt der (falls et eng Kéier de Fall wier) automatesch een Update vum Add-on.
D’Funktionalitéit vun den Add-onen ass déi selwecht wéi am viregten Blog-Bäitrag beschriwwen.
Dir fannt déi zwee Add-onen um Mozilla Add-ons Site:
Spellchecker.lu Sich
Thesaurus.lu Sich
Wann ech an Zukunft nach aner Add-onen fir Mozilla Programmer sollt schreiwen, da fann der déi op mengem Mozilla Add-ons Account
Fir weider Informatiounen iwwert d’Funktiounsweis vun dësen Add-onen, kuckt d’Beschreiwung op um Mozilla Site, mäin viregten Bäitrag oder de Bäitrag op Spellchecker.lu
0 Äntwerten op “Spellchecker.lu Firefox Add-onen”