Spellchecker.lu Orthographiekorrektur fir Mac

Fir déi Leit déi ee Mac OS X hunn, gëtt et eng Méiglechkeet Orthographiekorrektur vu spellchecker.lu an enger grousser Zuel vu Schreifprogrammen ze notzen. Mac OS X huet nämlech eng integréiert Dictionnaire-Applikatioun, déi et erlaabt op ville Programmer op dës zentral Dictionnaire-Applikatioun zou ze gräifen.

Fir déi Technik-Interesséiert: Et gëtt vun allen ‘Cocoa‘-Applikatiounen ënnerstëtzt.
Eng ähnlech System-wäit Orthographiekorrektur gëtt et schon fir d’Linux Distributiounen Ubuntu an Debian. Hei besteet am Géigesaz zur Mac-Versioun awer eng automatesch Update-Méiglechkeet.

Ech wëll iech direkt drop hiweisen dass et bis op weideres nach keen automateschen Update heifir gëtt, also bis op weideres no all Update vum spellchecker een Deel vun de Schrëtt nach eng Kéier musse gemaach ginn Ech hunn ee Skript geschriwwen den d’MAC Automator Applikatioun oprifft. Dëse Skript ersetz déi zwee folgend Schrëtt. Den 3. Schrëtt ass souwisou optional. Weider Instruktiounen zum Skript fann der um nächste Bäitrag. Dës Updates gi meeschtens op Facebook Säit an um Twitter ugekënnegt

Fir elo Lëtzebuergesches Korrektur am Mac OS X un d’goen ze kréien, muss der folgend Schrëtt maachen:

  1. Dir gitt op http://downloads.spellchecker.lu/source/, liest iech eng Kéier d’Lizenz Bedingungen duerch

    a luet iech do déi zwee Fichieren ‘lb_LU.aff‘ a ‘lb-LU.dic‘ op äre Mac OS X.

  2. Déi zwee Fichieren zitt der elo an den Dossier Library/Spelling an äre Benotzer Beräich:

  3. Elo gitt der an d’System Preferenzen, op ‘Language & Text’, do misst der elo am ‘Text’ Tab ënner ‘Spelling’ “Luxembourgish (Library)” fannen.

    Mac OS X erkennt normalerweis automatesch wéi eng Sprooch een tippt (pro neiem Abschnëtt, nodeems een e puer Wieder getippt huet). Dëst sou laang een ‘Automatic Language’ ausgewielt huet. sou wäit ech et elo getest hunn ass dëst fir Lëtzebuergesch net de Fall. Dir muss also entweder global an dësem Menü Lëtzebuergesch auswielen, oder jeeweils an all Programm. Wéi dir dat maacht ass iech iwwerlooss, an hänkt dovun of op der vill verschidde Sprooche schreift, oder haaptsächlech eng eenzeg.

Kuck och de nächste Bäitrag

Klenge mee net onwichtegen Zousaz:
Dat hei schéngt nëmmen mam Mac OS X ze goen, an net mat fireschten Versiounen.
D’Eifler Regel (d’Wechfale vum ‘n’ viru bestëmmte Buschtawen) gëtt vum Dictionnaire net verbessert. Heifir muss der weiderhin den Online-Checker oder OpenOffice benotzen.

  • Twitter
  • Facebook
  • Digg
  • StumbleUpon
  • Share/Bookmark

4 Äntwerten op “Spellchecker.lu Orthographiekorrektur fir Mac”


  • Nice, direkt drop gesat :)

  • Ech hunn lescht Woch mengem Mac Lëtzebuergesch bäibruecht. Mat vill Ëmweeër an Sakgaassen. Sinn frou, dass du lo eng propper Iwwersiicht gemaach hues. :)

  • Dat do ass tiptop, da ech net all meng Texter ëmmer am OpenOffice ze schreiwen fir se ze verbesseren.

    Mech géing d’Integréieren vun der brauch Eifeler Regel freeën, well déi bereet mer amfong am Meeschte Kappzerbrieches. :)

    (Et gëtt iwwregens “Mac” geschriwwen, “MAC” steet fir “Media Access Control”. ;) An dass et just mam OS X funktionéiert ass normal, an de pre-Unix Versiounen gouf et Cocoa nach guer net. Et benotzt dach haut och souwisou kee méi OS 9.)

  • D’Integratioun vun der Eifeler Regel sou wäit ech weess net méiglech, well den Mac Dictionnaire sou “komplex” Regelen net ënnerstëtzt. Dofir muss de dann wuel awer den OpenOffice benotzen.

    Dat mam MAC -> Mac hunn ech verbessert, Merci fir den Hiwäis.

Hannerlooss eng Äntwert