Fir iech d’Liewen ze vereinfachen, hunn ech ee Skript geschriwwen dee mat Hëllef vum MAC Automator quasi automatesch Fichiere vu spellchecker.lu an der Mac OS X interner Dictionnaire-Applikatioun updatet.
De Skript deen der duerch einfacht uklicken ausféiere kënnt, mécht vu sech aus déi am éischte Bäitrag iwwer d’Orthographiekorrektur am Mac OS X ugi Schrëtter.
Fir d’éischt luet der iech ZIP-Fichier mam Skript erof. Dann entzippt der en wou ëmmer dir en wëllt späicheren. Wann der elo drop klickt gëtt automatesch den Automator opgeruff an dee geet de .dic an .aff Fichier op de spellchecker.lu Server sichen an späichert en am Spelling Dossier.
Ech hu bis elo nach net eraus fonnt wéi een dem Mac ka bäibréngen dass en zu bestëmmten Zäitpunkten automatesch dës Aktioun ausféieren. Wann ee mer do ka weider hëllefen, ech freeë mech iwwer all Hiwäis.
Et ass awer méiglech sech am iCal (dem Mac Kalenner) eng repetitiv Notiz ze maachen, wou een all sou-a-sou vill Deeg drun erënnert gëtt dass en soll Updaten. Dëst awer onofhängeg dovun op et an Zwëschenzäit eng nei Versioun vum Spellchecker gouf.
Den iCal huet souguer d’Méiglechkeet een Link op de Skript unzeweisen, dass een direkt aus dem Kalenner raus kann de Skript opruffen.
Méi einfach geet et jo net
Wéi sou en iCal Astellung kéint aus gesinn, gesitt der hei:
Wann ech (oder soss een) sollt erausfanne wéi een den Update wierklech automatesch maache kann, wäert ech dat hei ukënnegen.
Kuck och den éischte Bäitrag iwwer d’Orthographiekorrektur am Mac OS X
De ZIP-Fichier mam Skript

Crontab
Setzt déi erofgelueden Datei vum Pit enzwech hin wou der se net réckelt (ech hu se a mäin Home Dir gesat). Dann setzt der en Cron bäi den dat ausféiert. Hei ass souguer e grafeschen Editor fir Crontab:
http://quicksilver.caup.washington.edu/software/Crontooie/
Setzt bei Minutt eng 0 an, bei Stonn och eng 0, Dag en *, Mount och en *, an bei WochenDag gidd der z.B. eng 0 an, dat wir fir Sonndeg. Soumat géif all Woch Sonndes um 12 Auer nuets den update ugeworf ginn. Als Stonn kënnt der natirlech och 12 aginn, dat wir dann 12 Auer Mëttes (falls der sou spéit owes net um Computer sollt sëtzen oder en net un ass).
An als Kommando muss der ‘open /Users/johny/Spellcheckerlu.app’ asetzen.
Merci Pit
Ech soen DIR Merci Johny.
P.S. : Denkt drun den Pad hannert ‘open’ unzepassen, dass en op d’Plaz verweist wou bei iech d’App läit
Wierklech eng super Saach. Merci!