Laptop mat moo Stickeren dekoréieren

No deem ech meng moo Vistekärtercher krut, an de folgende Video fonnt hat:

wollt ech dat och direkt probéieren. De Fotoshooting war schnell gemaach, an d’Stickeren bal genee sou schnell ukomm. Leider hat ech ëmmer aner Saachen ze dinn, sou dass ech elo réischt dozou komm sinn mäi Laptop ze bepechen. Well ech deemools zimlech skeptesch war op dat ganzt eppes géif ginn, hat ech leider nëmmen een 4*4 Sticker Bild entworf, woufir ech mech elo kéint an den ***** bäissen. D’Stickeren sinn nämlech wierklech flott ginn, an och d’Oppechen war guer net schwéier.

Bei der ganzer Aktioun ass dunn dat hei raus komm:

Zum Gléck hunn ech nach puer aner 4*4 Motiver, sou dass ech wuel an all Eck vum Laptop eppes peche kann.

Am Video kritt der ee Promo-Code fir moo-Stickeren falls der dat Ganzt och wëllt probéieren. Maacht et just net sou wéi ech: iwwerleet iech genee wat der wëllt maachen ;-)

  • Twitter
  • Facebook
  • Digg
  • StumbleUpon
  • Share/Bookmark

2 Äntwerten op “Laptop mat moo Stickeren dekoréieren”


Hannerlooss eng Äntwert