Ech hat jo schon eng Kéier d’WordPress K2 Theme op Lëtzebuergesch iwwersat, well dat awer wuel net all ze vill Leit matkréien, hunn ech beim Opruff no Iwwersetzungen, deen d’K2-Team viru kuerzem gestart huet, meng Iwwersetzung agereecht
Déi aktuell stabil Versioun vum K2 ass 1.0.3, an fir dës Versioun ass och meng läscht Iwwersetzung.
Soubal de Release vun der nächster Versioun (wat Versioun 1.1 misst sinn) ugekënnegt gëtt wäert ech d’Iwwersetzung upassen.
D’.mo an .po Dateien fannt der am Google Code Verzeechnis vum K2 ënnert http://code.google.com/p/kaytwo-i18n/source/browse/#svn/tags/1.0.3/lb_LU
D’.po Datei brauch der nëmmen falls der meng Iwwersetzung verännere wëllt ( wat ech natierlech net hoffen
)
D’.mo Datei muss der an den Dossier /wp-content/themes/k2/languages/ setzen.
Wéi schon beim Lëtzebuergeschen Datum fir WordPress (deen der extra musst installéieren, soss hutt der trotz Lëtzebuergeschem Text awer nach den engleschen Datum) muss dir nach folgendes maachen:
An der ‘wp-config.php’ Datei déi am Haaptdossier vum Blog leit ännert een folgend Zeil:
define ('WPLANG', '');
an
define ('WPLANG', 'lb_LU');
Falls dir, wat ech iech uroden, den Datum och per *.mo wëllt automatesch änneren, dann gëllt déi Ännerung lo grad fir déi zwou *.mo Dateien.
Als läscht bleift elo nach am Administratioun Interface vun ärem Blog ënnert
Appearance -> K2 Optiounen
am Abschnitt “Bäitrag publizéieren” d’Top Meta ze änneren.
Ech hunn do z.B. Publizéiert um %date% an %categories%. %comments% %tags% stoen.
Dëst féiert dozou dass ënnert dem Titel vum Bäitrag d’Zeil:
“Publizéiert um Méindeg, 7 Juni, 2010 an Informatik an Lëtzebuerg. 0 Kommentaren Tagen:I18n, Informatik, Internationaliséierung, Internet, Lëtzebuerg, personaliséieren, WordPress.” stoe kënnt.
Ech wier natierlech frou wann dir mir sot falls dir dës Iwwersetzung op ärem Blog benotzt.
Bis lo leeft d’Iwwersetzung op:
- blog.wenkin.lu ( dëse Blog … wien hätt et gewonnert )
- spellchecker.lu
- marc-spautz.lu
- enger ganzer Rei vu Blogen vun den CSV Sektiounen
0 Äntwerten op “Offiziell unerkannt Iwwersetzung vum WordPress K2”