De-Anonymization

Ech war den Owend op dem Haxogreen an hunn do dem Virtrag iwwer d’Ewechhuelen vun der Anonymitéit am Internet “De-Anonymization – About loosing your anonymity through profiling” nogelauschtert.

Dëst huet mech dozou beweegt dat folgend Experiment ze maachen:

Ech weess wou s de waars! Oder net?

Am folgende stinn e puer vu mir aus der Lëscht vun de laut Alexa Top 200 Siten mat enger lëtzebuerger Domaine (.lu). Et ass net déi komplett Lëscht an ech hunn een Deel ewech gelooss well ech net der Meenung (subjektiv) war dass se wierklech sou héisch an der Lëscht dierfte sinn.

Un Hand vum Verlaf vun dengem Browser an e puer Zeile CSS probéieren ech eraus zefannen op wéienge vun dëse Siten s de scho waars.

Mee keng Angscht just du gesäis et, et gi keng Informatiounen u mech zeréck geschéckt. Wann ech dat wéilt häett ech op eng ähnlech Aart a Weis dozou d’Méiglechkeet ouni dass de et (als normalen Internet-Notzer) iwwerhaapt géifs matkréien ;-) .

Ech hunn net wierklech vill Aarbecht an d’Presentatioun gestach, well et mer haaptsächlech drëm geet ze weise wat méiglech ass.

Méiglech ass et och méi speziell Säiten ze testen, z.B. kéint ech kucken op s de op Facebook d’Grupp “For a Facebook in Luxembourgish – Fir een Facebook op Lëtzebuergesch” besicht hues:

Ännerung: (Well den Opbau vun der Facebook-URL duerch zesumme-pechen vun verschiddenen Informatiounen erstallt gëtt, ass et méiglech dass net bei jidderengem deen dës Grupp besicht huet de Code dat och erausfënnt.)

Mee komme mer zeréck bei d’Lëscht vun de Lëtzebuergesche Siten:

Falls alles op “Net besicht” steet hues de entweder kee vun de Siten besicht, oder du hues nodeems de drop wars däin Surf-Verlaf geläscht. Falls weder dat eent nach dat anert sollt zoutreffen, dann hu mer e Problem an ech wier frou wann s de mir dat géifs matdeelen :)

  • Twitter
  • Facebook
  • Digg
  • StumbleUpon
  • Share/Bookmark

3 Äntwerten op “De-Anonymization”


  • Daat ass schon ee bessi mi eeleren exploit. Do gin schon Saachen entweckelt fir dass et net mi méigleg ass dass eng drëttpersoun di Donnéén kann kréien.

  • Angeblech wëll Mozilla fir den Firefox 4 eppes entwéckelen wat dat do verhënnere soll.

    Woubäi et mech am Fong och net géif stéiere wann Linken op extern Siten net méi géifen vum ‘visited’ ugesprach ginn. Et géif duergoen wann ee bei Linken déi op Ënnersäite vum aktuelle Site verweisen ee visuellen Hiwäis hätt dass een se scho besicht huet.

Hannerlooss eng Äntwert