Ech hunn virun enger Zäit op engem Blog gelies dass dëst Buch géif verfilmt ginn. Mee ech weess beim Beschte Wëllen net méi op wéi engem Blog.

Ech sinn souguer der Meenung dass et op engem lëtzebuergeschen Blog war.
Ech géif de Film nawell gär gesinn, an wéisst gär wéi wäit d’Verfilmung ass.
Wien kann mir soen op wéi engem Blog dat war?
Apropos, ech kann dat Buch nëmmen empfielen, och wann een lo net sou op Comicshefter/Manga steet ass et awer eng flott Geschicht.
*how very exciting
Jo, dat war et, opreegend.
Obwuel ech bal net méi dru gegleeft hat dass ech se iwwerhaapt géif kréien, well et schlussendlech 16 Schaffdeeg gedauert huet, aplaz maximal 15 wéi MOO behaapt huet.
Mee lo sinn se do; meng MOO Minicards
Qualitativ héichwäerteg, souwuel de Pabeier, wéi och den Drock u sech.
A wéi den Dan et schon gemaach hat, well och ech iech d’Méiglechkeet ginn de MOO-service zu engem gënschtegen Präis aus ze probéieren.
‘your moo minicards are inside*’ weider liesen
Duerch een Bäitrag vum Dan sengem Blog sinn ech op MOO opmierksam ginn.
Do kann een online eegen Visite-Kaarten erstellen, mat eegenem Bild an hei an do.
Iergend wéi wollt ech schon ëmmer Visite-Kaarten, mä eben keng sou 08-15 Kaarten. An do passen mir déi MiniCards déi si ubidden nawell zimlech an de Krom. En-plus hunn ech sou mol rëm eng Méiglechkeet mäin PayPal-Account ze benotzen.
‘Visite-Kaarten emol anescht’ weider liesen
Publizéiert um
Donneschdeg, 21 Mee, 2009 an
Onbestëmmt.
Duerch Zoufall sinn ech elo grad op flickr iwwert eng nawell lëschteg Biller Serie getrollt:

Wien huet se net gekuckt an/oder sech driwwer opgereegt, mee sou hunn se selten an der Serie ausgesinn
Déi ganz Serie fënnt een um Site vum Ersteller
an op flickr
Publizéiert um
Donneschdeg, 21 Mee, 2009 an
Onbestëmmt.
Duerch een Bäitrag um Charel sengem Blog sinn ech drop Opmierksam ginn dass ech säit genee engem Mount mäi Blog hunn.
Wat d’Zieler sinn déi ech mer deemools gesat hat, war ech zimlech bescheiden:
‘Schon 1 Mound’ weider liesen
Publizéiert um
Mëttwoch, 29 Abrëll, 2009 an
Onbestëmmt.
Oder wéi nennt een dat, wann engem beim knaen vun Zännpfleegeknätsch en Stéck vum Zant ofbrécht?
An nee, ier lo en Vermutungen ustellt; de Knätsch leeft eréischt dat nächst Joer of.
Publizéiert um
Dënschdeg, 21 Abrëll, 2009 an
Onbestëmmt.
Wien hätt dat geduecht.
Den Pit zwafft sech een Blog. Tjo et muss en halt mat der Zäit goen, oder hir hannendrun lafen ^^
Rezent Kommentaren