Tag Archive fir 'Informatik'

De-Anonymization

Ech war den Owend op dem Haxogreen an hunn do dem Virtrag iwwer d’Ewechhuelen vun der Anonymitéit am Internet “De-Anonymization – About loosing your anonymity through profiling” nogelauschtert.

Dëst huet mech dozou beweegt dat folgend Experiment ze maachen:

Ech weess wou s de waars! Oder net?

Am folgende stinn e puer vu mir aus der Lëscht vun de laut Alexa Top 200 Siten mat enger lëtzebuerger Domaine (.lu). Et ass net déi komplett Lëscht an ech hunn een Deel ewech gelooss well ech net der Meenung (subjektiv) war dass se wierklech sou héisch an der Lëscht dierfte sinn.

Un Hand vum Verlaf vun dengem Browser an e puer Zeile CSS probéieren ech eraus zefannen op wéienge vun dëse Siten s de scho waars. ‘De-Anonymization’ weider liesen

Offiziell unerkannt Iwwersetzung vum WordPress K2

Ech hat jo schon eng Kéier d’WordPress K2 Theme op Lëtzebuergesch iwwersat, well dat awer wuel net all ze vill Leit matkréien, hunn ech beim Opruff no Iwwersetzungen, deen d’K2-Team viru kuerzem gestart huet, meng Iwwersetzung agereecht

Déi aktuell stabil Versioun vum K2 ass 1.0.3, an fir dës Versioun ass och meng läscht Iwwersetzung. ‘Offiziell unerkannt Iwwersetzung vum WordPress K2′ weider liesen

Update-Skript fir d'Mac OS X Orthographiekorrektur

Fir iech d’Liewen ze vereinfachen, hunn ech ee Skript geschriwwen dee mat Hëllef vum MAC Automator quasi automatesch Fichiere vu spellchecker.lu an der Mac OS X interner Dictionnaire-Applikatioun updatet.

De Skript deen der duerch einfacht uklicken ausféiere kënnt, mécht vu sech aus déi am éischte Bäitrag iwwer d’Orthographiekorrektur am Mac OS X ugi Schrëtter.

Fir d’éischt luet der iech ‘Update-Skript fir d'Mac OS X Orthographiekorrektur’ weider liesen

Spellchecker.lu Orthographiekorrektur fir Mac

Fir déi Leit déi ee Mac OS X hunn, gëtt et eng Méiglechkeet Orthographiekorrektur vu spellchecker.lu an enger grousser Zuel vu Schreifprogrammen ze notzen. Mac OS X huet nämlech eng integréiert Dictionnaire-Applikatioun, déi et erlaabt op ville Programmer op dës zentral Dictionnaire-Applikatioun zou ze gräifen.

Fir déi Technik-Interesséiert: Et gëtt vun allen ‘Cocoa‘-Applikatiounen ënnerstëtzt.
Eng ähnlech System-wäit Orthographiekorrektur gëtt et schon fir d’Linux Distributiounen Ubuntu an Debian. Hei besteet am Géigesaz zur Mac-Versioun awer eng automatesch Update-Méiglechkeet.
‘Spellchecker.lu Orthographiekorrektur fir Mac’ weider liesen

Spellchecker.lu Firefox Add-onen

No deem ech virun zwou Wochen Add-onen geschriwwen hat fir d’Funktiounen vun Spellchecker.lu méi einfach kënnen an verschiddenen Browseren opzeruffen, hunn ech dës Add-onen elo e bëssi ëmgeschriwwen, an bei Mozilla eropgelueden.

Dëst huet puer Virdeeler fir Firefox Benotzer:

  • Mozilla iwwerpréift all Add-on deen op hirem Site gehost gëtt; also sidd der Sécher dass keen schiedlechen Code an mengen Add-onen verstoppt ass.
  • Kritt der (falls et eng Kéier de Fall wier) automatesch een Update vum Add-on.

‘Spellchecker.lu Firefox Add-onen’ weider liesen

Spellchecker.lu Browser Add-onen

Ech benotzen zimlech oft d’Méiglechkeet déi Spellchecker.lu bitt vir eenzel Wierder ze korrigéieren. Well et mir awer ze ëmständlech ass e Browser op ze maachen, d’Adress anzetippen, déi kleng Këscht aus ze wielen

an dann do mäi Wuert an ze tippen, hunn ech een Add-on geschriwwen deen et erlaabt mat Hëllef vun der Sich-Maschinn déi déi meescht Browseren ubidden direkt kënnen d’Wuert ze verbesseren.

Et gëtt en direkt op d’Spellchecker.lu Säit geleet, wou d’Wuert schon ausgefëllt ass, an een och direkt ugewise kritt op et richteg ass.

An engems hunn ech dann nach een ähnlechen Add-on geschriwwen deen no Synonyme sicht. Dëst iwwert déi eventuell net sou bekannten Ënnersäit Thesaurus.lu vum ‘Spellchecker.lu

Fir dës Add-one kënnen ze benotze muss dir op Spellchecker.lu laanscht surfen, an do dat folgend maachen:
‘Spellchecker.lu Browser Add-onen’ weider liesen

Lëtzebuergesch Tastatur mat ë

Wann een wéi ech oft op lëtzebuergesch schreift, an dëst och wëll halbwegs richteg maachen, kennt een net drëm erëm zimlech oft ‘ë’ ze tippen. Well et awer keng sou keng [ë]-Tast gëtt muss en zimlech ëmständlech déi zwou Tasten [¨] an [e] drécken.

Nodeems ech eng Kéier am Facebook een Opruff gemaach hat op keen eng Léisung parat hätt, ‘Lëtzebuergesch Tastatur mat ë’ weider liesen

K2 op Lëtzebuergesch Download

Dëse Bäitrag ass net méi aktuell, wann der iech fir d’K2 Iwwersetzung interesséiert, da kuckt w.e.g. de Bäitrag: Offiziell unerkannt Iwwersetzung vum WordPress K2/
Nodeem ech virun puer Deeg mäin K2 Theme op Lëtzebuergesch ëmgestallt hat, wëll ech interesséierten Leit d’Méiglechkeet ginn dës Sproochenastellung selwer ze benotzen.

Sou wäit ech gesinn hunn dierfen keng Feeler méi an der Iwwersetzung sinn. Falls awer wäert ech se natierlech verbesseren, an et och op dëser Plaz matdeelen.

D’*.mo Datei fënnt een an den Downloads.
‘K2 op Lëtzebuergesch Download’ weider liesen

Google Indexéierung "Nutte"

Um Jeannot sengem Blog hunn ech lo grad en Experiment fonnt, wéi een Google beaflossen kann.

Andeems hien en Bild mat engem net dozou passenden Titel online setz, well hien raus fannen wéi laang Google brauch fir dëst “falscht” Bild an der Sich no dem entspriechenden Titel unzeweisen.
‘Google Indexéierung "Nutte"’ weider liesen

Firefox Adressbar personaliséieren

Säit längerem nervt et mech dass wann ech an d’Adressbar vum Firefox klicken déi ganz URL déi dran ass ausgewielt gëtt. Well meeschtens wann ech mat der Maus dra klicken, dann fir eppes an der URL ze änneren. Elo hunn ech duerch Zoufall eng Léisung hei fir fonnt.

Den Firefox erlaabt et nämlech déi automatesch Selektioun vun der ganzen URL bei engem einfach Klick auszeschalten.

Hei elo déi néideg Schrëtter:
‘Firefox Adressbar personaliséieren’ weider liesen