Tag Archive fir 'Internationaliséierung'

Offiziell unerkannt Iwwersetzung vum WordPress K2

Ech hat jo schon eng Kéier d’WordPress K2 Theme op Lëtzebuergesch iwwersat, well dat awer wuel net all ze vill Leit matkréien, hunn ech beim Opruff no Iwwersetzungen, deen d’K2-Team viru kuerzem gestart huet, meng Iwwersetzung agereecht

Déi aktuell stabil Versioun vum K2 ass 1.0.3, an fir dës Versioun ass och meng läscht Iwwersetzung. ‘Offiziell unerkannt Iwwersetzung vum WordPress K2′ weider liesen

Windows Vista op lëtzebuergesch déi 3.

Ech hat mech jo schon driwwer geiergert dass ech den lëtzebuergesche Numm vum “Freecell”-Spill zimlech topeg fannen, mä elo ass mer beim “Fräifeld” nach eppes opgefall.

An der Statusleescht gëtt et ee Counter deen d’Unzuel vun den nach verbliwwene Kaarten zielt:
‘Windows Vista op lëtzebuergesch déi 3.’ weider liesen

K2 op Lëtzebuergesch Download

Dëse Bäitrag ass net méi aktuell, wann der iech fir d’K2 Iwwersetzung interesséiert, da kuckt w.e.g. de Bäitrag: Offiziell unerkannt Iwwersetzung vum WordPress K2/
Nodeem ech virun puer Deeg mäin K2 Theme op Lëtzebuergesch ëmgestallt hat, wëll ech interesséierten Leit d’Méiglechkeet ginn dës Sproochenastellung selwer ze benotzen.

Sou wäit ech gesinn hunn dierfen keng Feeler méi an der Iwwersetzung sinn. Falls awer wäert ech se natierlech verbesseren, an et och op dëser Plaz matdeelen.

D’*.mo Datei fënnt een an den Downloads.
‘K2 op Lëtzebuergesch Download’ weider liesen

WordPress K2 op Lëtzebuergesch

No deem ech lo eng Zäit den Kubrick Theme benotzt hat, an mech mat Hëllef vun dem an d’Bloggen ageschafft hunn, hat ech mer d’Méi gemaach en op lëtzebuergesch ze iwwersetzten.

Well mer den Kubrick awer un sech net gefall huet hunn ech elo säin Nofolger, den K2 iwwersat.
‘WordPress K2 op Lëtzebuergesch’ weider liesen

Windows Vista op lëtzebuergesch déi 2.

No deem ech lo säit e puer Wochen den Vista op lëtzebuergesch hunn, sinn mer nach e puer Saachen opgefall.

Ënner anerem eng weider onglécklech Iwwersetzung:

css

Style Sheet op Stil Blat ze iwwersetzen kann een jo nach gëlle loossen, mee “Cascading” als Waasserfall? Cascade wier een Waasserfall…

‘Windows Vista op lëtzebuergesch déi 2.’ weider liesen

Lëtzebuergeschen Datum am WordPress

Am Laf vun der Upassung vun mengem Blog hunn ech no enger Méiglechkeet gesicht fir den Datum den bei all Post ugewisen gëtt kennen op lëtzebuergesch un ze weisen. An de Plugins hunn ech dat wat ech sichen fonnt, just leider fir hollännesch.

Ech hunn mir de Plugin lo mol einfach ëmgeschriwwen an wat dobäi eraus kommen ass fann der hei.
‘Lëtzebuergeschen Datum am WordPress’ weider liesen

Windows Vista op lëtzebuergesch

Wéi ech haut gewuer gouf dass Windows eng lëtzebuergesch Versioun vum Vista rausbréngt, hunn ech mer déi mol direkt besuergt.

Meng éischt Andréck well ech iech hei mat deelen:

Als éischt sinn ech am Spiller Dossier hänken bliwwen.

Wierklech falsch ass hei nach näischt, ausser dass ech verschidden Iwwersetzungen zimlech onglécklech fannenspiller1

  • FreeCell gëtt zum FräiFeld
  • Minesweeper zum Minnewäscher
  • Spider Solitaire zu Spanne Patience

Ok. Eppes besseres wéi Spanne Patience wier mir och net agefall, mee Minnewäscher ???

Éierlech. “Minne sichen” oder Minnen entschäerfen”  hätt dach 100 mol besser geklongen.

An wat een sech ënner FräiFeld soll virstelle … ?
‘Windows Vista op lëtzebuergesch’ weider liesen

reCAPTCHA & I18n am PHP / Javascript

Fir déi, déi lo näischt verstinn erklären ech mol déi véier Wierder do.

PHP wäerten déi meescht wuel kennen, fir déi aner hunn ech et verlinkt.

Javascript wäerten déi meescht wuel och kennen, fir déi aner hunn ech och dat verlinkt.

I18n ass och een Wuert aus der Programmatioun, hannert dem sech de Versuch verstoppt een Programm oder eng Internetsäit sou opzebauen, dass een ouni groussen Opwand kann op eng aner Sprooch ëmklammen.

CAPTCHA sinn dann schlussendlech déi lëschteg verzerrten Biller déi een op ville Platzen am Internet begéint,wou een soll iergendwellech Buschtawen / Zuelen erausliesen. Dëst fir ze verhënneren dass Computerprogrammer automatesch verschidden Saachen ausféieren, well bis elo kennen nëmmen Mënschen dës Biller entzifferen.

Lo frot dir iech wat déi véier Saachen mat en een ze dinn hunn.

Majo ganz einfach, ech hunn als Projet de Fin d’Étude eng Säit ze schreiwen wou ech ënner anerem CAPTCHA an I18n muss benotzen. An well ech fir d’Verbreedung vun der Lëtzebuerger Sprooch sinn well ech iech hei dat weisen wat ech am Zesummenhang mat dësen véier Saachen zustan bruecht hunn. An der Hoffnung dass iergend en et gebrauche kann.
‘reCAPTCHA & I18n am PHP / Javascript’ weider liesen