Dëst huet mech dozou beweegt dat folgend Experiment ze maachen:
Ech weess wou s de waars! Oder net?
Am folgende stinn e puer vu mir aus der Lëscht vun de laut AlexaTop 200 Siten mat enger lëtzebuerger Domaine (.lu). Et ass net déi komplett Lëscht an ech hunn een Deel ewech gelooss well ech net der Meenung (subjektiv) war dass se wierklech sou héisch an der Lëscht dierfte sinn.
Un Hand vum Verlaf vun dengem Browser an e puer Zeile CSS probéieren ech eraus zefannen op wéienge vun dëse Siten s de scho waars. ‘De-Anonymization’ weider liesen
Ech hat jo schon eng Kéier d’WordPress K2 Theme op Lëtzebuergesch iwwersat, well dat awer wuel net all ze vill Leit matkréien, hunn ech beim Opruff no Iwwersetzungen, deen d’K2-Team viru kuerzem gestart huet, meng Iwwersetzung agereecht
Fir iech d’Liewen ze vereinfachen, hunn ech ee Skript geschriwwen dee mat Hëllef vum MAC Automator quasi automatesch Fichiere vu spellchecker.lu an der Mac OS X interner Dictionnaire-Applikatioun updatet.
Fir déi Leit déi ee Mac OS X hunn, gëtt et eng Méiglechkeet Orthographiekorrektur vu spellchecker.lu an enger grousser Zuel vu Schreifprogrammen ze notzen. Mac OS X huet nämlech eng integréiert Dictionnaire-Applikatioun, déi et erlaabt op ville Programmer op dës zentral Dictionnaire-Applikatioun zou ze gräifen.
Ech benotzen zimlech oft d’Méiglechkeet déi Spellchecker.lu bitt vir eenzel Wierder ze korrigéieren. Well et mir awer ze ëmständlech ass e Browser op ze maachen, d’Adress anzetippen, déi kleng Këscht aus ze wielen
an dann do mäi Wuert an ze tippen, hunn ech een Add-on geschriwwen deen et erlaabt mat Hëllef vun der Sich-Maschinn déi déi meescht Browseren ubidden direkt kënnen d’Wuert ze verbesseren.
Et gëtt en direkt op d’Spellchecker.lu Säit geleet, wou d’Wuert schon ausgefëllt ass, an een och direkt ugewise kritt op et richteg ass.
An engems hunn ech dann nach een ähnlechen Add-on geschriwwen deen no Synonyme sicht. Dëst iwwert déi eventuell net sou bekannten Ënnersäit Thesaurus.lu vum ‘Spellchecker.lu
Jo, dat war et, opreegend.
Obwuel ech bal net méi dru gegleeft hat dass ech se iwwerhaapt géif kréien, well et schlussendlech 16 Schaffdeeg gedauert huet, aplaz maximal 15 wéi MOO behaapt huet.
Mee lo sinn se do; meng MOO Minicards
Qualitativ héichwäerteg, souwuel de Pabeier, wéi och den Drock u sech.
Rezent Kommentaren