Virun engem Joer hunn ech ugefaang mech mam Spellchecker ze amuséieren.
Eng vun den éischten Ideeën déi mir do an de Kapp komm ass, war een Anime ( japaneschen Zeechentrickfilm) op lëtzebuergesch ze ënnertitelen.
Déi meescht vun iech wäerten se wuel benotzen, déi praktesch, awer heiansdo zimlech onverständlech Ofkierzungen à la “lol” “wtf” “dK” …
Dass een do raus kann e Lidd maachen huet den Jasper virun engem Joer mat sengem HDL-Song bewisen: ‘lol wtf a.s.w.’ weider liesen
No deem ech op Youtube folgenden Video vum Matt fonnt hunn:
huet et eng länger Zäit a mir gebrodelt. Lescht Fréijoer hunn ech mer dunn eng Kamera kaf, mam Virsaz ënner anerem eng lëtzebuergesch Versioun vum Matt sengem Video ze maachen. Leider hat ech esouvill aner Saachen am Kapp, dass näischt do raus ginn ass.
Fir dëse Summer hunn ech mer lo awer virgeholl et duerch ze zéien. Ech fueren op all méiglech Platzen an eisem schéine Ländchen an zappelen do Mattlike virun der Kamera. Am Moment sinn ech am Gaang eng Lëscht vun interessanten Platzen op ze stellen, déi an sou engem Video onbedéngt mussen dra sinn. ‘Wou der Däiwel wäert den Dri sinn’ weider liesen
Rezent Kommentaren